NGC 3628
Spiralgalaxie am Stärebild Leo
Den NGC 3628 ass eng Spiralgalaxie am Stärebild Leo. Den NGC 3628 huet eng Ausdeenung vun 13,5' × 4,3' (Duerchmiesser zirka 120.000 Lj) an huet eng Hellegkeet vun 9,5 mag. Si gehéiert zum Hubble-Typ Sc. Zesumme mam Messier 66 a mam Messier 65 formt se de Leo-Triplett, de Kär vun der M66-Galaxiëgrupp.
Foto vun der Galaxie am visuelle Liicht | |
Stärebild | Leo (Leo) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 11h 20m 16.93s |
Deklinatioun | + 13° 35' 13.7"[1] |
Ausgesinn | |
Hubble-Sequenz | SAb pec sp[2] |
Visuell Magnitude | +9,6[3] mag |
Visuell Magnitude (B-Band) | +10,4 mag |
Wénkelduerchmiesser | 13.48 × 4.265[1] |
Flächenhellegkeet mag/arcmin² | +13,5[3] |
Physikalesch Donnéeën | |
Gehéiert zu | M66-Grupp (Leo-Triplett) |
Distanz (Lj) | zirka 30 Mio. |
Routverrécklung | (240 ± 22) ∙ 10-6 |
Radialvitess | (+718 ± 76)[1] |
Absolutten Duerchmiesser | 120 000 |
Geschicht | |
Entdecker | Wilhelm Herschel |
Entdeckungsdatum | 8. Abrëll 1784 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
Arp | 317 |
GC | 2378 |
h | 859 |
H | 5.8 |
IRAS | 11176+1351 |
MCG | +2-29-20 |
NGC | 3628 |
PGC | 34697 |
UGC | 6350 |
VV | 308b |
ZWG | 67.58 |
Op méi laang beliichte Fotoen ass e Gezäiteschwäif ze gesinn, dee vun der Galaxie fortgeet. Warscheinlech entstoung se duerch d'Wiesselwierkunge mat de Gravitatiounsfelder vun de béiden Nopeschgalaxien M 65 an M 66.
Den NGC 3628 gouf den 8. Abrëll 1784 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.