NGC 1032
Spiralgalaxie am Stärebild Cetus
Den NGC 1032 ass eng Spiralgalaxie am Stärebild Cetus, déi ongeféier 117 Millioune Liichtjoer vun eis ewech läit an déi vun eisem Bléckwénkel aus exakt op der Säit läit.
Foto, opgeholl mam 32-Inch-Teleskop vum Mount Lemmon SkyCenter | |
Stärebild |
Cetus (Cet) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 02h 39m 23,6s |
Deklinatioun | + 01° 05' 38"[1] |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude | 12,6[2] mag |
Visuell Magnitude (B-Band) | [2] mag |
Wénkelduerchmiesser | 3,3 × 1,1[1] |
Flächenhellegkeet mag/arcmin² | [2] |
Physikalesch Donnéeën | |
Gehéiert zu | [3] |
Distanz (Lj) | zirka 117 Mio. |
Routverrécklung | (2694 ± 18) ∙ 10-6 |
Absolutten Duerchmiesser | [4] |
Geschicht | |
Entdecker | Friedrich Wilhelm Herschel |
Entdeckungsdatum | 18. Dezember 1783 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
CGCG | 388-86 |
GC | 581 |
h | 246 |
H | II-5 |
IRAS | F02367+0052 |
MCG | +00-07-073 |
NGC | 1032 |
PGC | 10060 |
UGC | 2147 |
2MASX | J02392368+0105376 |
Den NGC 1032 gouf den 18. Dezember 1783 vum däitsch-britteschen Astronom Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt.
Am Januar 2005 hat am NGC 1032 déi schwaach Supernova SN 2005E opgeliicht. Observatioune weisen, datt weeder d'Quantitéit vun der erausgeschleiderter Stärematière, nach hir cheemesch Zesummesetzung zu engem vun deene bis dohi bekannten Explosiounsmechanisme fir Stäre passen. Aktuell Ënnersich loossen unhuelen, datt et sech dobäi ëm e Prozess handelt, dee bei wäissen Zwerge virkënnt déi sech enk ëmkreesen.[5]