Naturschutzgebitt Deiwelskopp

Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg

Deiwelskopp ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Rouspert-Mompech. Am Hank iwwer der Sauer nord-westlech vun der Uertschaft Méischdref erstreckt sech e variéiert Gebitt mat kallekhaltegen Hallefdréchewisen, wouvu 60,98 ha zanter dem 2. Abrëll 2004 ënner Naturschutz stinn. Kondenséiert Loftfiichtegkeet, déi am Wanter heiansdo aus de Buedemfoue quëllt an am Volleksmond als Damp aus der Häll ugesi ginn ass, huet der Kopp hiren Numm ginn.[1]

Naturschutzgebitt
Deiwelskopp
Land Lëtzebuerg
Plaz Wäiswampech
Fläch 60,98 ha
Nationalcode PS 03
Koordinaten 49°44'54,56"N, 6°29'43,91"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 2. Abrëll 2004

Orchideeëléierpad änneren

Op der Deiwelskopp huet d'Fondation Hëllef fir d'Natur mat der Gemeng Mompech an der Ënnerstëtzung vu Source Rosport am Joer 1996 en Orchideeëléierpad amenagéiert. De Pad, op deem d'Orchideeën an d'Heckeplanze mat Stiechetikette markéiert sinn, ass op engem Deelstéck vum Méischdrëffer Circuit Auto-pédestre (117) ugeluecht a féiert als Sakgass op eng Orchideeëwiss vun der Fondation Hëllef fir d'Natur. De Pad ass am interessantste wärend der Bléi tëscht Mëtt Mee an Enn Juni. Mëtt Juni 2006 ass de Pad erneiert ginn.

Referenzen änneren

  • Broschür: Naturschutzgebiet Deiwelskopp - Vielfalt von Lebensräumen. Ëmweltministère - Forstverwaltung, 2006.
  • Depliant: Der Naturlehrpfad in Moersdorf - Naturschutzgebiet für Orchideen.
  • Naturlehrpfad Deiwelskopp
  • Deiwelskopp
  1. Règlement grand-ducal du 2 avril 2004 déclarant zone protégée d'intérêt national et réserve naturelle, le site Deiwelskopp englobant des fonds sis sur le territoire de la commune de Mompach et abrogeant le règlement grand-ducal du 12 janvier 2004 concernant le même objet. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.