De Messier 82 (och als NGC 3034 bezeechent) ass eng irregulär Spiralgalaxis mat den Ofmiessungen 11,2' × 4,3' an der visueller Magnitude vu +8.60 mag am Stärebild Ursa Major. Laang Zäit gouf den M 82 dem irreguläre Galaxientyp bäigeschriwwen. Nei Ënnersich am Noen Infrarout weisen awer Spiraläerm. D'Galaxis kënnt domat dem morphologeschen Typ vun enger Balkespiralgalaxis (Sbc) méi no, d. h. d'Äerm kommen aus den Enner, an dësem Fall, net besonnesch laange Balken eraus.

Date vum Messier 82
Spiralgalaxis Messier 82 Foto vum Hubble Space Telescope
Stärebild Ursa Major (UMa)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 9h 55m 52,219s
Deklinatioun +69° 40' 46,93"
Ausgesinn
Hubble-Typ I0
Visuell Magnitude (visuell) +8,6 m
Visuell Magnitude (B-Band) +9,2 m
Wénkelduerchmiesser 11,2' × 4,3'
Flächenhellegkeet 12,7 mag/arcmin2
Physikalesch Daten
Gehéiert zu der M81-Grupp, Virgo-Superkoup
Distanz 11,51 Millioune Liichtjoer
Routverrécklung +0,000677 ± 0,000013
Heliozentresch radial relativ Vitess 203 ± 4 km/s
Absolut Hellegkeet
Absolutten Duerchmiesser 40.000 Liichtjoer
Mass Sonnemassen
Katalogbezeechnungen
Messier 82, NGC 3034, PGC 28655, UGC 5322, MCG +12-10-11, IRAS 09517+6954, Arp 337, 3C 231, Ursa Major A, KCPG 218B, ZWG 333.8, H 4. 79, GC 1950

An hirer Géigend ass déi hell Spiralgalaxis M 81, mat där si e physikalesch gebonnent Puer an de Kär vun der ronn 12 Millioune Liichtjoer wäiter M81-Galaxiëgrupp mécht. Duerch déi Wiessselwierkung mat M81 bei engem noe Laanschtfléie viru 500 Millioune Joer ass d'Galaxis M82 staark verännert ginn. An hirem bannenzege Beräich huet sech den Undeel, mat den neie Stären aus der interstellarer Matière staark erhéicht. (Starburst). Doduerch ass den M 82 eng vun den hellsten Infraroutgalaxien, an eng vun den hellste Galaxien am Radioberäich (Ursa Major A). Als Folleg vum Starburst entsteet duerch Supernovaexplosiounen eng turbulent Gasbeweegung, déi als Ausstréimung vertikal zum Galaxienniveau vun M 82 observéiert gëtt. Duerch hir Noperschaft an hir Hellegkeet ass den M 82 eng vun deene mat am Beschten ënnersichte Starburstgalaxien.

Den M 82 huet an engem vun senge Stärekéip eng ultrahell Röntgenquell, den M 82 X-1, méiglecherweis e mëttelschwéiert schwaarzt Lach mat enger Mass vun 200 bis 5000 Sonnemassen, dee vun engem iwwerschwéiere Stär ëmkreest gëtt.

Entdeckung änneren

D'Galaxis Messier 82 gouf den 31. Dezember 1774 vum däitschen Astronom Johann Elert Bode entdeckt.

Aner Biller änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Messier 82 – Biller, Videoen oder Audiodateien