Megaclite (Mound)

Jupitermound


De Megaclite (oder Jupiter XIX) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Megaclite
(Jupiter XIX)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2000 J 8
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.806.000 km
Periapsis 13.783.700 km
Apoapsis 33.828.300 km
Exzentrizitéit 0,421
Ëmlafzäit 752,8 Deeg
Ëmlafvitess 2,30 km/s
Inklinatioun 152,8°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 5 km
Dicht 2,6 g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
? m/s2
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 21,7
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 25. November 2000

Entdeckung änneren

De Megaclite gouf de 25. November 2000 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Seng Bezeechnung war am Ufank S/2000 J 8.

De Mound gouf no der Megaclite, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie genannt.

Bunndaten änneren

De Megaclite kreest a 752 Deeg an 19 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 23.806.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,421. Mat enger Schréi vun 152,8° ass seng Bunn retrograd, dat heescht, de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Megaclite zu der Pasiphae-Grupp, genannt nom Jupitermound Pasiphae, gerechent.

Physikalesch Daten änneren

De Megaclite huet en Duerchmiesser vun zirka 5 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs. De Megaclite huet eng ganz däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng Visuell Magnitude ass 21,7m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren