Hochzäitsnuecht ass e lëtzebuergesche Film vum Pol Cruchten.

Hochzäitsnuecht
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 1991-92
Première 1992
Dauer 108 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Pol Cruchten
Dréibuch Pol Cruchten
Marc Giraud
Fotografie Daniel Barrau
Musek André Mergenthaler
Produzent Videopress
Schauspiller
Myriam Muller als Catherine
Thierry van Werveke als Christian
Ender Frings als Tony
Paul Scheuer als Papp vum Catherine
Marja-Leena Junker als Mamm vum Catherine
Marie-Paule von Roesgen als Mamm vum Christian
Danièle Gaspard als Frëndin vum Catherine
Patrick Hastert als André
Jean-Paul Maes
Pol Cruchten
Pol Hoffmann
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

D'Catherine an de Christian feieren hir Hochzäit. D'Catherine kënnt aus enger räicher Famill. De Christian staamt aus enger Famill, där et net sou gutt geet. Iwwer dem Gléck vun der jonker Koppel hänken awer schwaarz Wolleken, si sinn allen zwee heroinsüchteg.

Nach an der Hochzäitsnuecht geet d'Catherine nees op d'Sich no Drogen...

Gielercher änneren

De Film krut 1993 um Filmfestival vu Saarbrécken de Max Ophüls Präis an der Kategorie "Beschte Film". D'Jury huet hire Choix esou bregënnt:

"Im unterkühlten Ambiente des Geld- und Steuerparadieses Luxemburg, entwirft Pol Cruchten eine dramatische Kinogeschichte, deren emotionalem Sog man sich ebensowenig entziehen kann wie der hinreissenden Leinwandpräsenz der Hauptdarsteller: Hochzeitsnacht ist Kino pur."

Soss änneren

De Film gouf am Ganze vun 11.673 Leit gesinn.[1]

En gouf 1992 um Filmfestival vu Cannes an der Sectioun "Un Certain Regard" gewisen.[2]

Vum Lëtzebuerger Filmfong krut d'Produktiounsgesellschaft Videopress 1991 eng "Avance sur recettes pour les projets de production et de coproduction" fir de Film an Héicht vun dräi Millioune Lëtzebuerger Frang.[3] 1993 koum nach e Subside als "Aide à la distribution et à la diffusion" vun dräi Millioune Frang dobäi.[4]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Box office films luxembourgeois 1981-2012" op cna.public.lu (gekuckt:2013-01-19).
  2. https://www.festival-cannes.com/en/films/hochzaitsnuecht
  3. Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1991, Mäerz 1992, Säit 92
  4. Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1993, Mäerz 1994, Säit 71