Marc Thoma
Lëtzebuerger Journalist a Filmregisseur
De Marc Thoma, gebuer 1946, ass e lëtzebuergesche Journalist a Filmregisseur.
Marc Thoma | |
---|---|
De Marc Thoma, Januar 2015 | |
Gebuer | 1946 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Journalist, Filmregisseur |
Hien huet zu München d'Journalisteschoul absolvéiert an zu Tréier Politikwëssenschaften, Soziologie a Geschicht studéiert.
Am Kader vu senge journalisteschen Aarbechte bei RTL ëm déi sougenannt "Fierschteraffär" huet hien e Prozess géint de Lëtzebuerger Staat virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter gewonnen[1]. Hien huet jorelaang zesumme mam Nico Graf an de Bommeleeëraffär recherchéiert an hat bis Enn 2016 eng wëchentlech Rubrik mam Numm Den Nol op de Kapp op RTL Télé Lëtzebuerg.[2]
De Marc Thoma krut 2003 d'Vermeil-Medail vum Ordre de Mérite fir 20 Joer Journalismus.
Filmer als Regisseur
änneren- 1973: Der Tunnel, zesumme mam Pol Tousch, Kuerzfilm, 16 mm, (35 Minutten)
- 1973: Du sollst nicht begehren, zesumme mam Pol Tousch, (60 Minutten)
- 1978: Das Puppenspiel, mam Fernand Fox an der Haidy Jacobi (86 Minutten)
- 1981: 800 Joer Buurg Clierf (87 Minutten)
- 2010: Emil, nom Dréibuch vum Pol Tousch.
- 2013: D'Engelcher vu Schëndels
- 2017: 1000 Joer Buerg Clierf
Um Spaweck
ännerenCommons: Marc Thoma – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Den Arrêt an der "Fierschteraffär" vum 29. Mäerz 2001 (fr) (en).
- ↑ Gabrielle Seil: "Post aus dem Himmel". Revue 10/2012, 10.03.2012.