E Liewe laang (Film)
Film
E Liewe laang ass e lëtzebuergeschen Tëleesfilm vum Marc Olinger, Menn Bodson a Gast Rollinger aus dem Joer 1992, deen um Zeenario vum Emil Angel baséiert, an dat dagdeeglecht Liewen ufanks den 1950er Joren duerstellt. De Film gouf tëscht Oktober 1990 a Juni 1991 gedréit.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 1992 |
Originalsprooch |
Lëtzebuergesch an Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Marc Olinger |
Dréibuch | Emil Angel |
Fotografie |
Menn Bodson Gast Rollinger |
Musek | Jacques Neuen |
Produzent | RTL-Hei Elei |
Schauspiller | |
Spencer Kirpach als Robi Michèle Clees als Mamm René Pütz als Papp Raoul Biltgen als Alphonse, dem Robi säi Brudder Olivier Vandivinit als Erni, dem Robi säi Brudder Pol Greisch als Uedem Marie-Christine Faber als dem Uedem seng Fra Fernand Fox als M. Penning Juliette François als Mme Bissen Marie-Paule von Roesgen als Mme Schreiber Marc Olinger als Proprietär Marco Lorenzini als Mëllechmann Henri Losch als Pensionaire Fernand Mathes als Erzieler | |
Ëm wat geet et am Film?Änneren
1952: An enger Zäit, an där d'Nowéie vum Krich nach ze spiere sinn, nach zum Deel gedréckte Verhältnesser an de Famillje bestinn, de wirtschaftlechen Opschwonk am Gaang ass an et de Leit lues a lues besser geet, erzielt de Film déi dagdeeglech Erliefnesser vum Robi, engem klenge Bouf am Minett.
GielercherÄnneren
- 1988: Éischte Präis am "Concours National de scénarios de films de fiction"
Fir ze liesenÄnneren
- Emil Angel: E Liewe laang - Zenario, Éditions Le Phare, RTL - Hei Elei, éischt Oplo September 1992