Josiane Weber

lëtzebuergesch Historikerin a Germanistin

D'Josiane Weber, gebuer 1957, ass eng lëtzebuergesch Germanistin an Historikerin.

Josiane Weber
Gebuer 1957
Déifferdeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée Hubert-Clément,
Universitéit vun Tréier
Aktivitéit Schrëftsteller, Lycéesprofesser, Historiker, Germanist

No hire Secondairesstudien am Lycée Hubert-Clément vun Esch (1976; C moderne), huet d'Josiane Weber op der Universitéit vun Tréier Germanistik a Geschicht studéiert. Am Kader vun hirem Stage fir Professer am Secondaire ze ginn huet si 1986 eng Aarbecht iwwer d'Receptioun vun der däitscher Literatur zu Lëtzebuerg tëscht 1815 an der Mëtt vum 19. Joerhonnert verdeedegt.

D'Josiane Weber war bis zu hirer Pensioun Professesch an der École de commerce et de gestion an der Stad Lëtzebuerg, an - zanter 2007 - wëssenschaftlech Mataarbechterin am Centre national de littérature (CNL) zu Miersch.

2011 huet d'Josiane Weber eng Dokterthees op der Universitéit vun Tréier iwwer d'Theema Familien der Oberschicht in Luxemburg (1850-1900): Elitenbildung und Lebenswelten verdeedegt. Dës koum 2013 als Buch eraus. 2019 huet si eng Biographie iwwer d'Groussherzogin Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg publizéiert.

D'Josiane Weber ass mam Gast Mannes bestuet a wunnt an der Stad Lëtzebuerg.

Publikatiounen & Konferenzen (Auswiel) änneren

  • Feministisches und antifeministisches Denken während der französischen Revolution; in: Ré-création, Nr. 4 (Spécial Révolution); Dikrech (éditions APESS), 1988; Ss. 103-145.
  • Zensur im Vormärz (1815 - 1848). Literatur und Presse in Luxemburg unter der Vormundschaft des Deutschen Bundes. Lëtzebuerg 1998 (mam Gast Mannes)
  • Politik - Literatur – Industrie. Miersch 2011 (mam Germaine Goetzinger an dem Pierre Marson)
  • Familien der Oberschicht in Luxemburg (1850-1900): Elitenbildung und Lebenswelten. Tréier 2011
  • Politische Eliten in Luxemburg - Die Rekrutierung der Minister in der zweiten Hälfte des 19. Jahrhunderts ; in: forum, Nr. 314, Januar 2012; Ss. 21-24 (ill., Bibliogr.).
  • Den Emmanuel Servais an d'Fro vun der nationaler Onofhängegkeet ; Virtrag, gehalen am CNL (Miersch), de 15. Februar 2012.
  • Familien der Oberschicht in Luxemburg – Elitenbildung und Lebenswelten 1850-1900. Éditions Binsfeld, 2013, 608 S., ISBN 978-2-87954-264-5.
  • Großherzogin Marie Adelheid von Luxemburg. Eine politische Biographie. Lëtzebuerg: Editions Guy Binsfeld, 2019, 620 S., ISBN 978-99959-42-60-1.

Um Spaweck änneren