Lycée technique agricole

Secondairesschoul zu Lëtzebuerg

De Lycée technique agricole (gekierzt LTA), déi sougenannt Akerbauschoul, ass en ëffentleche Lycée technique deen e spezifeschen Ausbildungszyklus ë. a. fir Baueren, Gäertner, Landwirtschaftsmaschinemecanicienen, Ëmwelttechniker a Beruffer am Beräich Naturwëssenschaften ubitt. Uganks zu Ettelbréck, ass d'Schoul zanter der Rentrée 2021/22 zu Gilsdref.

Lycée technique agricole
Dat neit Gebai vum LTA zu Gilsdref
Akerbauschoul (LTA)
Typ Secondairesschoul, ëffentlech Schoul, Beruffsschoul
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Gilsdref
Adress 1, Kréiwénkel
Leedung Tom Delles
Schülerzuel 548
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Architekt Paul Wigreux, Schmitz & Hoffmann
Um Spaweck https://www.lta.lu
Dat fréiert Gebai vun der Akerbauschoul mam Internat (riets hannen)

D'Geschicht vun der Schoul änneren

Mam Gesetz vum 28. Februar 1883 gouf d'Schoul als « École agricole » zu Ettelbréck gegrënnt[1] a war am Ufank am Gebai vun der fréierer Brauerei Schmit-Gengler, um Eck vun der Avenue Salentiny an der Avenue Kennedy.

No de Pläng vum Staatsarchitekt Paul Wigreux gouf de 4. Oktober 1929 de Grondstee vum Gebai an der Avenue Salentiny vun der Grand-Duchesse Charlotte geluecht an et gouf den 23. Oktober 1932 offiziell a Presenz vun der Groussherzogin Charlotte an dem Prënz Felix ageweit[2].

Am November an Dezember 1944 war an der Schoul zäitweileg en US-Lazarett installéiert.

Mam Gesetz vum 12. November 1971 gouf den Enseignement agricole à Ettelbruck geschaaft[3], deen den 13. Juli 1979 an « Lycée technique agricole » ëmgenannt gouf[4].

D'Gebai vun der Akerbauschoul zu Ettelbréck gouf den 29. Mäerz 2019 als nationaalt Monument klasséiert[5].

Neit Gebai zu Gilsdref änneren

2009 hunn de Bauteminister Claude Wiseler an d'Erzéiungsministesch Mady Delvaux-Stehres d'Pläng vun engem neie Gebai vun der Akerbauschoul virgestallt, dat zu Gilsdref gebaut sollt ginn[6].

An de Joren dono sinn d'Pläng ëmmer nees hänke bliwwen, ëmgeännert oder esouguer ganz a Fro gestallt ginn. Sou waren ufanks och e Pensionat, e Laboratoire vun der Akerbauverwaltung a Büroe vun der Landwirtschaftskummer um Gilsdrëffer Site virgesinn, déi dann awer op Dikrech verluecht goufen[7],[8].

D'Finanzéierungsgesetz gouf de 15. Mee 2012 gestëmmt, mat engem Budget vun 100 Milliounen Euro[9]. De 6. Juli 2016 hunn d'Bauaarbechte vun der neier Schoul zu Gilsdref ugefaangen an den 10. Juli 2017 gouf de Grondstee vun de Ministere Bausch, Meisch an Etgen geluecht.

D'Gebai gouf fir d'Rentrée am September 2021 a Betrib geholl[10].

Fir de motoriséierten Accès bei d'Gebai gouf op der Fielsser Strooss am Joer 2017 op Héicht vun der deemoleger Raschtplaz Kréiwenkel e Rond-point amenagéiert an et gouf de Busarrêt Ackerbauschoul geschaf. D'Schoul ass iwwer e Schotterpad mam neie Gebai vum LCD an der Hotelsschoul verbonnen. Südwestlech vun der Schoul gouf op der Këpp e Park amenagéiert.

Well fir d'Schüler kee Parking bei der Schoul virgesinn ass, parken déi – och alt emol illegal – an der Ëmgéigend a ginn deelweis iwwert d'Haaptstrooss zu Fouss an d'Schoul, eng Situatioun, iwwer déi schonn eng Rei Deputéiert eng parlamentaresch Fro gestallt hunn. Den Direkter vum Lycée bréngt en eventuelle Park-and-Ride um Bloen Eck an der Ärenzdallgemeng an d'Spill, ouni datt awer eng definitiv Léisung a Siicht ass[11][12].

Direkteren änneren

  • Nicolas Schroeder (1883-1901)
  • Dominique Nepper (1901-1916)
  • Jean-Pierre Zanen (1916)
  • Auguste Hermann (1916-1940)
  • Mathias Gillen (1940)
  • Jean Nicolay (1945-1950)
  • Antoine Jentges (1950-1961)
  • Jean-Pierre Lanners (1961-1967)
  • Edmond Jacqué (1967-1981)
  • Norbert Feltgen (1981-2006)
  • Martine Hansen (2006-2013)
  • Tom Delles, (2013 -)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: fréieren LTA zu Ettelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: LTA zu Gilsdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Loi du 28 février 1883 sur la création d'une école agricole à Ettelbruck. legilux.lu (28.02.1883). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  2. Die Einweihungsfeierlichkeiten an der Ackerbauschule in Ettelbrück. Luxemburger Wort, 1932. Jg., nº 298 S. 3. (24.10.1932). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  3. Loi du 12 novembre 1971, portant création d'un Institut d'enseignement agricole à Ettelbruck. legilux.lu (12.11.1971). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  4. Règlement grand-ducal du 13 juillet 1979 transformant l'Institut d'enseignement agricole, (…) en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières. legilux.lu (13.07.1979). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  5. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  6. "Présentation du nouveau Lycée Technique Agricole à Gilsdorf. mtp.public.lu, 12-05-2009.
  7. "Gilsdorf: LTA-Neubau ab Frühjahr?" wort.lu, 27. August 2015, 16:45.
  8. Frédéric Antzorn: "Lycée technique agricole: Gilsdorf confirmé." paperjam.lu, 17 juillet 2014, 17:24.
  9. Loi du 15 mai 2012 relative à la construction d'un Lycée technique agricole à Gilsdorf. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-09-08.
  10. Le lycée technique agricole déménage à Gilsdorf." Communiqué op gouvernement.lu, 05.08.2021
  11. Lycée Technique Agricole (LTA): Schüler parke laanscht d'N14, richteg Léisunge ginn et keng. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-10-02.
  12. Park&Ride als Solutioun fir LTA?: Kee Kontakt tëscht Akerbauschoul an Ärenzdallgemeng. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-10-02.