Paul Wigreux
De Paul Wigreux, gebuer den 29. Abrëll 1880 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 23. Mee 1960, war e lëtzebuergeschen Architekt a Moler.
Paul Wigreux | |
---|---|
Gebuer |
29. Abrëll 1880 Bouneweg |
Gestuerwen |
23. Mee 1960 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Architekt |
No senger Schoul am Kolléisch, ass en op Urode vu sengem Zeecheprofesser, dem Michel Engels, op München an duerno op Stuttgart weider léiere gaangen. Säin Diplom fir Ingenieur-Architekt krut hien 1909 zu Darmstadt.
Ier hie sech selbstänneg gemaach huet, huet hien e Stage am Architektebüro vum Jean-Pierre Koenig gemaach. 1913 ass en Architekt vun der Stad Esch genannt ginn an ass do bliwwe bis 1921. Dono gouf en den Nofollger vum Sosthène Weis als Staatsarchitekt.
Hie war vun 1937-1939 President vum Cercle Artistique de Luxembourg a krut 1910 de Prix Grand-Duc Adolphe.
Architektonescht Wierk
änneren- d'Akerbauschoul zu Ettelbréck (1932)
- d'Primärschoul Dellhéicht zu Esch-Uelzecht (1916)
- de Staatsmusée um Fëschmaart
- d'Vergréisserung vum Seminaire um Lampertsbierg
- d'Ännerungen un der Abtei zu Iechternach, fir doran de "Lycée classique" mat sengem Internat dran z'installéieren
- den Ëmbau vun de Kasäre vum Vauban vu 1685, fir an deenen den "Hospice du Rham" anzeriichten
- Restauratioun vun der Kierch Käerch
- Restauratioun vun der Kierch Jonglënster
- Restauratioun vun der Kierch Eppelduerf
- Conservatiounsaarbechten un de Buergen zu Veianen, Buerschent, Esch-Sauer an zu Branebuerg
- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne
- Chevalier avec Couronne vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Chevalier vun der Légion d'honneur
- Officier de l'lnstruction
- Commandeur de l'Ordre de St. Grégoire le Grand
- Officier vum belschen Ordre de la Couronne
- Officier vum Ordre de Léopold
Um Houwald gouf eng Strooss no him genannt.
Literatur
änneren- Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 171
Um Spaweck
ännerenKuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Doudesannonce vum Paul Wigreux. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (25 Mee 1960). Gekuckt de(n) 11.01.2023.