Bloen Eck
De Bloen Eck ass e Lieu-dit an e Café-Restaurant zu Steeën an der Ärenzdallgemeng, laanscht d'Nationalstrooss 14, op der Kräizung mam CR347 tëscht Miedernach an Dikrech.
Bloen Eck | |
---|---|
![]() De Café-Restaurant um Bloen Eck | |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Gemeng |
![]() ![]() |
Buergermeeschter | Bob Bintz |
Koordinaten |
49° 49’ 36.9’’ N 6° 10’ 56.8’’ O |
D'Plaz krut hiren Numm wéinst der bloer Fassad vum Café-Restaurant deen ëm 1900 an engem Gebai op der Plaz ageriicht gouf.
Um Lieu-dit gouf 2014 de Foussballsterrain mam Numm Bloen Eck ageweit.[1]
GeographieÄnneren
De Bloen Eck läit op enger Héicht vun 320 Meter. E puer honnert Meter südwestlech dervun huet d'Tirelbaach hir Quell.
GeschichtÄnneren
Ëm 1900 huet eng Famill Blau dat fréiert Haus Burg op där Plaz kaaft fir do e Café anzeriichten. Bis Ugangs der 1980er[Wéini ?] ass den CR347 lénks laanscht der Entrée vum Gebai verlaf. D'Gebai louch deemno am Eck tëscht der Nationalstrooss 14 an dem CR347.
Spéider gouf aus dem Café e Restaurant, duerno eng Diskothéik a méi rezent nees e Café-Restaurant-Pizzeria.[2]
LiteraturÄnneren
- Cadamuro, C., 2015. Vermächtnis der Familie Blau. Luxemburger Wort vum 13. Mäerz 2015, S. 29.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Bloen Eck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ http://www.schalke.lu/index.php/86-clubnews/142-einweihung-fussballfeld
- ↑ LW vum 13. Mäerz 2015, S. 29.