De Jean Entenich, gebuer den 11. Februar 1884 zu Leideleng, gestuerwen den 21. Juli 1959 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Bauer, Erfinder an Assurancenagent[1]. Hie gouf och 1937 Member an der Landwirtschaftskummer[2].

Jean Entenich
Gebuer 11. Februar 1884
Leideleng
Gestuerwen 21. Juli 1959
Lëtzebuerg
Aktivitéit Erfinder, Bauer
Member vun Landwirtschaftskummer

Hien huet versicht, d'Agrarproduktioun ze hiewen a besser Produktiounsmethoden anzeféieren. Seng éischt Erfindung, déi Unerkennung fonnt huet, war eng Verbesserung vum Plou. Seng Visioun, all Felder zesummenzeleeën a sou en eenzegen industrielle Bauerebetrib zu Leideleng ze schafen, ass op allgemeng Ofleenung gestouss. Seng Grondiddi war fir duerch Kollektivéierung a Mechaniséierung vun der Landwirtschaft méi eng héich Produktioun z'erreechen.

De Jean Entenich huet fir seng Erfindunge follgend Breveten:

  • Brevet N. 12504 vum 26. November 1921 fir seng Selbsttätig wirkende Vakuum-Wasser-Luft-Kraftmaschine, welche in allen stehenden Betrieben verwendet werden kann[3]
  • Brevet N. 14349 vum 11. Februar 1926 fir säi Feldwagen mit Geleiseanlagen[4]
  • Brevet N. 17015 vum 10. Oktober 1929 fir säin Landwirtschaftlicher Feld- und Transportwagen[5]

Referenzen änneren

  1. Assurencenagenten 1922 Gearchiveerd op 2011-09-19. Gekuckt de(n) 2016-12-12.
  2. Landwirtschaftskummer 1937
  3. Brevet N. 12504 vum 26. November 1921
  4. Brevet N. 14349 vum 11. Februar 1926
  5. Brevet N. 17015 vum 10. Oktober 1929

Quellen änneren