Trach
En Trach ass e grousse längelzegen no uewen oppene Behälter aus Holz, Steen oder Metall deen haaptsächlech de Béischte Friessen oder Waasser bitt. Meeschtens ass en Trach op enger fester Plaz installéiert.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/9a/Leideleng_Petz_Trach_Neihaisses2.jpg/220px-Leideleng_Petz_Trach_Neihaisses2.jpg)
En Trach ass och déi einfachst Form vun engem Buer.
Jee no Gebrauch schwätzt een och vun engem Fierkels-, Fudder-, Päerds-, Schwéngs- Waasser- oder Wäschtrach
Ëmgangssproochlech kënnt den Trach och vir:
- "Elo geet et un den Trach.": Et gëtt eppes z'iessen.
- "Mer friessen all aus dem selwechten Trach.": Et geet eis all d'selwecht.
- "Du kriss d'Iessen an den Trach.": Du ëss onmanéierlech.
- "Du dommen, lidderegen Trach.": Du Topert.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Trach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Träch zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |