De Welteschgrond ass e Flouer zu Rëmeleng, um alen Escher Wee, mat der laanggezunner Feldpartie op den Arbedshaff zou. Westlech dovu leien Hingerbësch a Beiswénkel, an ëstlech Wollefsgruecht a Gaangeschbësch.

D'Etymologie ass net kloer, et kéint souwuel sinn datt eng Welteschfamill dem Flouer hiren Numm ginn huet, wéi och datt bei de villen Duerchzich vu Krichsvollek méi dacks a fir eng gewëssen Zäit am alen Escher Wee sech wellsch (auslännesch) Zaldoten opgehalen hunn[1].

D'Héicht selwer heescht Welteschklapp.

Referenzen änneren

  1. Nicolas Charpentier, Rümelinger Land und Leute, 1957