Minettseelbunn Ëtteng-Déifferdenger Schmelz

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Minettseelbunn war eng Seelbunn fir Minett vun Ëtteng I. an III. an déi Déifferdenger Schmelz ze transportéieren.

Ee vun de Pottoen zu Rëmeleng

Am November 1905 huet déi däitsch Firma Pohlig vu Köln ugefaangen, déi éischt vun den 144 Pottoen déi vu Paul Wurth prefabrizéiert goufen, opzeriichten. De 17. Oktober 1906 huet se hire Betrib op enger Längt vun 12.780 m opgeholl.

Den Tracé ass 3 Mol iwwer d'lëtzebuergesch-franséisch Grenz gaangen.

Den 1. Februar 1972 huet d'Minière zu Ëtteng zougemaach, sou dass just nach d'Stéck tëscht dem Minettesssilo Heintzebierg zu Esch bis op Déifferdeng bedriwwe gouf. 1980 war et definitiv eriwwer mat der Seelbunn.

Haut (2025) sti nach vereenzelt Pottoen oder hiert Fëllement doruechter, an och den Tracé ass nach verschiddentlech als Schneis am Bësch ze gesinn. Zu Uewerkuer erënnert de Stroossennumm rue du Funiculaire drun, dass d'Seelbunn just hannendrun de Bierg erof gefouert huet. Och zu Ëtteng ass eng Strooss no der fréierer Seelbunn genannt.

Literatur

änneren
  • Willy Allamano: Die Drahtseilbahnen im Großherzogtum Luxemburg und Lothringen. 2008 Dréckerei Polyprint ISBN 978-2-87996-668-7
  • Pagliarini, Komposch, Hoffmann, a Feinen: D'Seelbunn. Du transporteur aérien Ottange - Rumelange - Esch/Alzette - Belvaux - Differdange et de quelques autres. 2014 Editions USINA ISBN 978-99959-36-04-4

Um Spaweck

änneren