Lëscht vun de lëtzebuergesche Finanzministeren

Wikimedia-Lëschtenartikel

De Finanzminister ass ee vun de Portefeuillë vun der Lëtzebuerger Regierung.

Hien oder si ass responsabel fir d'ëffentlech Finanzen am A ze halen, dorënner meeschtens och, als Ministre du trésor, de Staatsbudget[1]

Finanzministere gëtt et zënter datt déi éischt Verfassung zu Lëtzebuerg 1848 ugeholl an déi éischt Regierung gebilt gi war. Den Titel war allerdéngs deemools Administrateur général, a vun 1857 bis 1936, Directeur général, ier e Minister gouf[2].

Lëscht vun de Finanzministeren änneren

Minister Partei vu(n) bis Premierminister
Jean Ulveling (fir d'éischt) keng 1. August 1848 2. Dezember 1848 G T I de la Fontaine
Norbert Metz keng 2. Dezember 1848 23. September 1853 Jean-Jacques Willmar
Emmanuel Servais (fir d'éischt) keng 23. September 1853 29. November 1857 Charles-Mathias Simons
Guillaume-Mathias Augustin keng 29. November 1857 23. Juni 1859
Jean Ulveling (fir d'zweet) keng 23. Juni 1859 26. September 1860
26. September 1860 26. Januar 1866 Victor de Tornaco
Ernest Simons keng 26. Januar 1866 3. Dezember 1866
Léon de la Fontaine keng 3. Dezember 1866 14. Dezember 1866
Alexandre de Colnet d'Huart keng 14. Dezember 1866 3. Dezember 1867
3. Dezember 1867 30. September 1869 Emmanuel Servais
Emmanuel Servais (fir d'zweet) keng 30. September 1869 12. Oktober 1869
Georges Ulveling keng 12. Oktober 1869 25. Mee 1873
Victor de Roebé keng 25. Mee 1873 26. Dezember 1874
26. Dezember 1874 21. September 1882 Félix de Blochausen
Félix de Blochausen keng 21. September 1882 12. Oktober 1882
Mathias Mongenast keng 12. Oktober 1882 20. Februar 1885
20. Februar 1885 22. September 1888 Édouard Thilges
22. September 1888 12. Oktober 1915 Paul Eyschen
12. Oktober 1915 6. November 1915 Mathias Mongenast
Edmond Reiffers keng 6. November 1915 24. Februar 1916 Hubert Loutsch
Léon Kauffman keng 24. Februar 1916 19. Juni 1917 Victor Thorn
19. Juni 1917 28. September 1918 Léon Kauffman
Alphonse Neyens Riets 28. September 1918 20. Mäerz 1925 Émile Reuter
Étienne Schmit PRS 20. Mäerz 1925 16. Juli 1926 Pierre Prüm
Pierre Dupong Riets 16. Juli 1926 5. November 1937 Joseph Bech
5. November 1937 23. November 1944 Pierre Dupong
CSV 23. November 1944 23. Dezember 1953
Pierre Werner CSV 23. Dezember 1953 29. Mäerz 1958 Joseph Bech
29. Mäerz 1958 2. Mäerz 1959 Pierre Frieden
2. Mäerz 1959 15. Juni 1974 Pierre Werner
Raymond Vouel LSAP 15. Juni 1974 21. Juli 1976 Gaston Thorn
Jacques Poos LSAP 21. Juli 1976 16. Juli 1979
Jacques Santer CSV 16. Juli 1979 20. Juli 1984 Pierre Werner
20. Juli 1984 14. Juli 1989 Jacques Santer
Jean-Claude Juncker CSV 14. Juli 1989 26. Januar 1995
26. Januar 1995 23. Jul 2009 Jean-Claude Juncker
Luc Frieden CSV 23. Juli 2009 4. Dezember 2013
Pierre Gramegna DP 4. Dezember 2013 5. Januar 2022 Xavier Bettel
Yuriko Backes DP 5. Januar 2022 17. November 2023
Gilles Roth CSV 17. November 2023 haut Luc Frieden

Um Spaweck änneren


Referenzen änneren

  1. "Ministère des Finances" op gouvernement.lu
  2. Mémorial A, 1936, No. 25. Gearchiveerd op 2012-04-15. Gekuckt de(n) 2015-10-01.