Étienne Schmit
Den Étienne Schmit, gebuer den 22. Oktober 1886 zu Rammerech, a gestuerwen den 19. Dezember 1937 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
Étienne Schmit | |
---|---|
Gebuer |
22. Oktober 1889 Rammerech |
Gestuerwen |
19. Dezember 1937 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Partei | Radikal-Liberal Partei |
Liewen a Karriär
ännerenDen Étienne Schmit war am Ufank vu senger berufflecher Carrière Affekot um Barreau zu Lëtzebuerg. Duerno gouf hien d'éischt Friddensriichter an duerno Substitut ier hie President vum Tribunal de commerce ginn ass.[1]
Hie war vun 1925 bis 1926 Generaldirekter (Minister) fir Finanzen a Bildung an der Regierung Prüm, vun 1932 bis 1936 Generaldirekter fir Bauten, Handel an Industrie an der Regierung Bech an 1937, vum 5. November bis zu sengem Doud, den 19. Dezember, Minister fir den Interieur, Handel, Industrie an Transport an der Regierung Dupong-Krier.
Hie war och vun 1929 bis 1931 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.
Den Étienne Schmit war de Papp vun der Yvonne Schmit (1910-2003), der Fra vum Lucien Wercollier.
Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.
Éierung
ännerenZu Kietscht, um Rond-Point deen no him genannt ass (place Étienne Schmit) steet e Monument mat engem Buste vum Étienne Schmit.
- Commandeur de l'Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1935)[3]
- Grand-Officier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Grand-Croix vum Ordre de la Couronne de Belgique
- Grand-Officier vum Ordre du Christ du Portugal
- Commandeur vun der Légion d'honneur
- Officier d'Académie
Kuckt och
änneren
Referenzen
änneren- ↑ Begräbnisfeierlichkeiten von Innenminister Etienne SCHMIT am Tageblatt vum 23. Dezember 1937
- ↑ Doudesannonce vum Etienne Schmit am Escher Tageblatt vum 21. Dezember 1937 Archivéiert de(n) 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-02-22.
- ↑ Memorial A N° 5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Archivéiert de(n) 2011-09-26. Gekuckt de(n) 2013-01-12.