ARC Kënschtlerkrees

lëtzebuergesche Kënschtlerveräin

Den ARC Kënschtlerkrees ass eng lëtzebuergesch Kënschtlervereenegung, déi hir Originnen am Joer 1959 huet a sech dunn 1993 als A.s.b.l. konstituéiert huet.

ARC Kënschtlerkrees
Ofkierzung ARC
Zweck Artiste vun der plastescher Konscht Ausstellungsméiglechkeete bidden
Grënnungsdatum 1959, als A.s.b.l. 1993
Sëtz Biergem
President Serge Koch

An den éischte Joren hu Leit wéi de Jacques Zenner an de Lé Tanson reegelméisseg Ausstellungen zu Munneref organiséiert.

De Veräin, dee fréier "Art Contemporain" oder "Art Contemporain du Grand-Duché de Luxembourg" geheescht huet, gouf am Joer 2000 op "ARC" ëmgedeeft. Ufanks 2017 krut dee Kierzel dunn nach d'Zousazbezeechnung Kënschtlerkrees, déi dunn och um neie Logo zeréckbehale gouf.

Den ARC ass eng vun den eelsten a bedeitendste Kënschtlerassociatioune vu Lëtzebuerg an hat am Oktober 2023, 74 Artisten an hire Reien.

Praktesch all Technike vun der plastescher Konscht gi beim ARC ofgedeckt. Den ARC organiséiert eng 3-5 Ausstellunge pro Joer an de President ass zanter Januar 2017 de Serge Koch.

Bibliographie

änneren

Buch "60 Joer ARC", 2019 (ISBN 978-99959-0-506-4)

Um Spaweck

änneren