Letzeburger Vollekslegio'n

Resistenz-Organisatioun zu Lëtzebuerg
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Letzeburger Vollekslegio'n (L.V.L. oder LVL) war eng réimesch-kathoulesch lëtzebuergesch Resistenzorganisatioun, déi am Zweete Weltkrich besonnesch am Norden, am Osten an am Zentrum vum Land aktiv war. Si ass am Juni 1941 aus de chrëschtlech-konservative Letzeburger Scouten (LS) an der Letzeburger Legio'n (LL) entstanen, an huet enk mat der fräiheetlech-demokratescher Lëtzeburger Patriote Liga (LPL) zesummegeschafft.[1]

LVL-Stempel

Exponente vun der L.V.L, waren ënner anerem de Jean Muller, Georges Everling, Tony Noesen, Aloyse Raths a Fernand Schwachtgen. De Victor Abens an de Lucien Kohn waren och Member vun där Grupp.

Aktivitéiten änneren

 
Monument zu Biissen

D'L.V.L. huet sech staark bei der Persounestandsopnam am Oktober 1941 a bei der Virbereedung vum Streik géint Aféiere vun der Wehrpflicht agesat. Si huet Deserteuren ënnerbruecht a war och un der Noriichteniwwermëttlung no London bedeelegt, haaptsächlech un der Informatioun vun den Alliéierten iwwer d'Fabrikatioun vun der V1 a V2 zu Peenemünde, wat zum Bombardement vun dësem Fabrikatiounssite geféiert huet.

Programm änneren

D'Letzeburger Vollekslegio'n war net nëmmen ee Mouvement vu Resistenzler. Si hat och, grad wéi d'L.L., e politesche Programm, an deem hir Usiichten iwwer déi politesch Ausriichtung vum Land no der Liberatioun preziséiert waren. Dëse Programm ass awer net vun alle Memberen ouni Virbehalt guttgeheescht ginn.

Organisatioun änneren

D'L.V.L. war méi strukturéiert wéi d'L.L.. Si gouf net vun engem eenzege Chef geleet, mä vun engem Legio'nsrot vu sechs Persounen, an deem déi zwou Organisatioune mat jee dräi Mann vertruede waren. Den Aloyse Raths war och Member vun dësem Rot an hat Privileegien, ass awer net vun allen als Chef betruecht ginn. Hien, deen deemools nach ganz jonk war a spéider an den RAD agezu gouf, huet och net insistéiert.

Scissioun a Reconciliatioun änneren

Der L.V.L. gouf vu verschiddene Membere reprochéiert, datt si méi Zäit fir hire politesche Programm opwende géif, wéi fir d'Resistenzproblemer. Dat war de Grond, firwat verschidde Membere gemengt hunn, et misst een, nieft dem Legiounsrot, dee fir déi politesch Froe zoustänneg bléif, och en Zentralrot schafen, deen d'Koordinatioun vun de Resistenzaktivitéiten als Aufgab hätt. Dësen Zentralrot gouf och geschaf, awer ouni datt dës Grënnung vun alle gedroe gouf. Dat war de Grond vun enger Scissioun am Mouvement.

D'Reconciliatioun, déi am Interessi vun der ganzer Resistenz war, war schwiereg. Dat se zustane koum ass, gëtt allgemeng dem Aloyse Raths zougeschriwwen, dee sech mat Läif a Séil dofir agesat hat.

Literatur änneren

  • Blau, Lucien. 1998. Histoire de l'extrême-droite au Grand-Duché de Luxembourg au XXe siècle. Esch-sur-Alzette: Le Phare.
  • Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
  • Muller, Carlo: Luxemburg im 2. Weltkrieg, Geschichte für die Primärschule, (um Internet: Referenz um Spaweck), Luxemburg, 1997

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

  Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.

Referenzen änneren

  1. An der Resistenz 1940-1945 Archivéiert op 2015-01-09. Gekuckt de(n) 2013-02-28.