Kaja Kallas

estesch Politikerin

D'Kaja Kallas, gebuer den 18. Juni 1977 zu Tallinn, ass eng estesch Politikerin (Eesti Reformierakond - "Estesch Reformpartei"). Si ass zanter dem 1. Dezember 2024 Héich Vertriederin fir Aussen- a Sécherheetspolitik vun der EU a Vizepresidentin vun der Europäescher Kommissioun bannent der Kommissioun von der Leyen II.[1]

Kaja Kallas
Gebuer 18. Juni 1977
Tallinn
Nationalitéit Estland
Educatioun Universitéit vun Tartu
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Estesch Reformpartei

Liewen a Karriär

änneren

D'Kaja Kallas huet op der Universitéit vun Tartu Droit studéiert a gouf 1999 Member vum estesche Barreau. Ausserdeem war si an den Direktiouns- an Opsiichtsréit vu verschiddene Firmen, déi sech ëm erneierbar Energië këmmeren. Vun 2011 bis 2014 war si Deputéiert am Riigikogu, dem estesche Parlament, a vun 2014 bis 2018 am Europäesche Parlament. 2018 gouf si Presidentin vun hirer Partei.

Am Mäerz 2019 huet d'ER d'Parlamentswalen an Estland gewonnen. Et war der Kaja Kallas awer net méiglech, eng Koalitiounsregieurng op d'Been ze stellen, sou datt de Jüri Ratas, dee scho virdru Premierminister war, de 17. Abrëll 2019 vum Parlament a sengem Amt konfirméiert gouf. Nom Récktrëtt vun hirem Virgänger Jüri Ratas, den 13. Januar 2021, fir d'politesch Responsabilitéit fir eng Korruptiounsaffär bei Regierungsmemberen z'iwwerhuelen, gouf si knapps zwou Wochen drop als nei Premierministesch vereedegt.

Am Juni 2024 gouf si vum Europäesche Conseil designéiert, vun Dezember 2024 un neie Representant fir Aussebezéiunge vun der EU ze ginn. De Kristen Michal gouf den 23. Juni 2024 hiren Nofollger als Premierminster.

D'Kaja Kallas ass d'Duechter vum fréieren estesche Ministerpresident an EU-Kommissär Siim Kallas.

Um Spaweck

änneren
Commons: Kaja Kallas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Von der Leyen verkündet ihre Vorschläge für die EU-Kommission. tagesschau.d4e, 17.09.2024.