Europäescht Amt fir humanitär Hëllef

D'Europäescht Amt fir humanitär Hëllef (engl. European Commission Humanitarian Office; kuerz: ECHO), ass deen Departement vun der Europäescher Kommissioun, dee sech mat der humanitärer Hëllef an dem Schutz vun der ziviller Bevëlkerung an Drëttlänner befaasst. 2013 huet d'EU iwwer ECHO 1,35 Milliarden Euro fir Nouthëllefsmoossnahmen zur Verfügung gestallt.[1] 2020 waren dat schonn 2,14 Milliarden Euro.[2]

De Koordinatiounszentrum fir Urgencësituatiounen an der EU zu Bréissel

Am Kader vu sengen humanitären Interventioune setzt ECHO selwer keng Hëllefsprogrammer ëm, mä finanzéiert Operatiounen iwwert en Netzwierk vun iwwer Partner (ONGen, UN-Agencen an international Organisatioune wéi d'Rout-Kräiz-Beweegung).[1] 2020 hat ECHO 51 lokal Büroen an 40 Länner, mat 455 Mataarbechter.[2] Déi lokal Büroen analyséieren déi aktuell a zukünfteg Besoinen a bestëmmte Länner oder Regiounen, droen zu der Entwécklung vun den Interventiounsstrategien an der Politik bäi, bidden technesche Support fir d'Aktiounen, déi vun ECHO finanzéiert ginn, suerge fir eng adequat Iwwerwaachung vun dësen Interventiounen a facilitéieren dem Donateur seng Koordinatioun op der Plaz.[2]

Geschichtlech Entwécklung änneren

De "Büro fir Humanitär Hëllef vun der Europäescher Communautéit" (ECHO) gouf 1992 vun der zweeter Delors-Kommissioun gegrënnt. No der Ofschafung vun der Europäescher Communautéit am Joer 2009 gouf de Büro ënner dem Numm "Departement fir Humanitär Hëllef" vun der Europäescher Kommissioun oder Europäescher Unioun bekannt, huet seng Ofkierzung ECHO awer bäibehalen.

D'Ernennung, am Joer 2010, vun engem neie Kommissär fir de Ressort International Zesummenaarbecht, Humanitär Hëllef a Krisenhëllef berout op den Artikelen 214 an 196 vum Vertrag vu Lissabon, an deem d'humanitär Hëllef an den Zivilschutz eng zentral Roll spillen. Den offiziellen Numm ECHO gouf ëmgeännert a "Generaldirektioun fir Humanitär Hëllef an Zivilschutz". Bei dësem Changement ass och d'Unitéit Zivilschutz vun der GD Ëmwelt an d'GD ECHO verluecht ginn. All dës Ännerunge gëllen als e Schratt an d'Richtung vun enger besserer Zesummenaarbecht a méi schnellen Decisiounen an engem Beräich an deem rapid Reaktioune Liewe rette kënnen.

Am Kader vum EU Zivilschutz-Mechanismus gouf och deen neien Emergency Response Coordination Centre (ERCC) (Koordinatiounszentrum fir de Katastropheschutz) opgemaach, en Zivilschutz-Hub deen et erlaabt, Katastrophen ze suivéieren a Länner, déi heefeg Katastrophen ausgesat sinn, besser ze preparéieren a méi widderstandsfäeg ze maachen. E kënnt zum Beispill bei Iwwerschwemmungen, Bëschbränn an Äerdbiewen zum Asaz.

Missioun a Grondsätz änneren

Am Beräich vun der humanitärer Hëllef besteet d'Missioun vun ECHO doran, den Affer vu Konflikter an Natur- oder vum Mënsch verursaacht Katastrophen ausserhalb vun der EU Nouthëllef an Ënnerstëtzung ze bidden. Dës Missioun ëmfaasst och d'Preventioun vu Katastrophen an Hëllefsmoossnamen no der Kris.

Déi europäesch humanitär Hëllef baséiert op de véier humanitäre Grondsätz vu Mënschlechkeet, Neutralitéit, Onparteilechkeet an Onofhängegkeet, déi sougenannt humanitär Prinzippien:

  • Mënschlechkeet bedeit, datt mënschlecht Leed iwwerall do, wou et optrëtt, ze bekämpfen ass, woubäi deene Schwächsten an eiser Gesellschaft déi gréisst Opmierksamkeet zousteet.
  • Neutralitéit bedeit, datt humanitär Hëllef an engem arméierte Konflikt oder aneren Ausenanersetzungen net Partei fir eng Säit ergräifen däerf.
  • Onparteilechkeet bedeit, datt humanitär Hëllef nëmmen nom Krittär vun der Bedierftegkeet, ouni Diskriminatioun, zougestanen däerf ginn.
  • Onofhängegkeet bedeit d'Autonomie vun den humanitären Ziler par rapport zu politeschen, wirtschaftlechen, militäreschen oder aneren Ziler.

Hir Ëmsetzung hänkt deemno vun der Uwendung vum humanitäre Vëlkerrecht of.[3]

2007 huet d'Europäesch Kommissioun, op Initiativ vum Kommissär Louis Michel, en "Europäesche Konsens iwwer d'humanitär Hëllef" ugeholl, an dat war den éischten europäesche politesche Referenztext zum Theema humanitär Hëllef.[4] D'ONGe waren aktiv um Ausschaffe vum Europäesche Konsens bedeelegt, an dëst Dokument kann als deen Text betruecht ginn, "deen am vollstännegsten ass an deen déi gemeinsam Positioun erëmspigelt, déi am nooste bei den ONGen ass".[5] Den Europäesche Konsens reaffirméiert d'humanitär Grondsätz vu Mënschlechkeet, Onparteilechkeet, Neutralitéit an Onofhängegkeet. E leet och fest, datt d'humanitär Hëllef kee Gestiounsinstrument fir Krisemanagement ass.

2012 huet ECHO de Konsens fir d'éischte Kéier iwwerschafft an dobäi ënnerstrach, datt méi staark Partenariater duerch eng qualitativ besser Selektioun vun de Partner gebraucht ginn. D'Rechenschaftsflicht vis-à-vis vun de Bierger an de Stakeholdere soll och verbessert ginn.[6]

2012 hunn ECHO an aner Donateuren och mam Inter-Agency Standing Committee (IASC) zesummegeschafft, engem permanente Comité vun UN-Agence an ONGen, déi an der humanitärer Hëllef schaffen, fir den Transformatiounsprogramm (Transformation Agenda) op d'Been ze stellen. Et gouf sech dobäi gëeenegt op d'Grondsätz vun humanitärem Leadership, Rechenschaftspflicht a Koordinatioun, fir d'Rapiditéit, d'Efficacitéit an d'Wierksamkeet vun humanitären Hëllefsmoossnahmen ze verbesseren. Ausserdeem gouf festgeluecht, datt den Zivilschutz zu de Missioune vun ECHO gehéiert, fir eng besser Koordinatioun an e bessere Schutz wärend der Katastroph tëscht Drëttlänner, de regionale Länner an den internationalen Organisatioune sécherzestellen.

ECHO huet als Missioun, an Noutsituatiounen an direkt duerno Liewen ze retten an ze schützen, egal ob et sech ëm Naturkatastrophen oder ëm Katastrophen, déi de Mënsch verursaacht huet, handelt. Dëse Grondsätz no huet d'Kommissioun sech engagéiert, all Joer e Strategiedokument auszeschaffen, fir d'Aktivitéiten effikass an adequat ze koordinéieren an ze plangen, an dat mat enger onparteilecher a besoinsorientéierter Approche.[7]

Legislatioun änneren

Zanter datt de Vertrag vu Lissabon a Kraaft getrueden ass, ënnerläit d'humanitär Hëllef vun der Europäescher Unioun dem Artikel 214 vum Vertrag iwwer de Fonctionnement vun der Europäescher Unioun.[8] Humanitär Hëllef ass eng gedeelten a parallel Kompetenz: dat heescht, datt d'Unioun eng autonom Politik féiert, déi weeder d'Memberstaaten dovun ofhält, hir Kompetenzen auszeüben nach d'Politik vun der Unioun zu enger renger „Komplementär-Politik“ par rapport zu där vun de Memberstaate mécht.[9]

Bis dohin huet d'humanitär Hëllef sech – par défaut – op Artikel 179 vum Vertrag vun der EC (Entwécklungspolitik) baséiert. Et wor en Deel vum Ressort vum Kommissär fir Entwécklung, fir d'éischt de Louis Michel an duerno de Karel de Gucht wärend der Kommissioun Barroso I. De Vertrag vu Lissabon huet fir d'éischte Kéier humanitär Hëllef als eegestänneg Politik am EU-Vertrag verankert.

Den Artikel 214 leet fest, datt d'Moossname vun der EU am Beräich vun der humanitärer Hëllef dozou bestëmmt sinn, Leit aus Drëttlänner, déi Affer vun Natur- oder duerch de Mënsch verursaacht Katastrophe gi sinn, ad hoc-Hëllef an Ënnerstëtzung ze bidden. Den Artikel 214 widderhëlt och d'Grondsätz vun der humanitärer Hëllef, d. h. de Respekt vum internationale Recht an d'Grondsätz vun der Mënschlechkeet, Onparteilechkeet, Neutralitéit an Net-Diskriminatioun.[1]

D'Kommissioun huet 2013 eng nei Gesetzgebung iwwer den EU Zivilschutz-Mechanismus (EU Civil Protection Mechanism) verabschit, déi iwwer de Wee vu méi Koordinatioun an Ënnerstëtzung d'Effikassitéit vun der Preventioun a der Virbereedung souwéi vun den Hëllefssystemer wärend de Katastrophe verbessere soll. Duerch dës Gesetzgebung gouf e fräiwëllege Pool vun zougesoten Hëllefskapazitéiten a –material, e Formatiounsnetzwierk fir Eischtversuerger an eng nei Approche fir de Katastrophen-Risk Management ageriicht.[10] 2021 hunn nieft de 27 EU-Memberstaaten och nach Island, Montenegro, Nordmazedonien, Norwegen, Serbien an d'Tierkei un deem Mechanismus deelgeholl.[11] Tëscht 2001 an 2021 gouf den EU Zivilschutz-Mechanismus méi wéi 420 Mol aktivéiert.[11] Am Mee 2021 gouf den EU Zivilschutz-Mechanismus reforméiert a gestäerkt.[12]

De Vertrag vu Lissabon huet och en Europäesche Fräiwëllegekorps fir humanitär Hëllef ageriicht (Artikel 214 vum Vertrag iwwer de Fonctionnement vun der EU), deen et den Europäer, déi sech direkt un humanitären Aktioune bedeelege wëllen, erlaabt, matzemaachen. Dee Korps ass haut Deel vum Europäesche Solidaritéitskorps (European Solidarity Corps).

Budget änneren

De Budget vun der EU gëtt an engem Finanzkader vu 7 Joer festgeluecht. Fir d'Period 2014-2021 hat ECHO e Budget vu 7,1 Milliarden Euro, also e bësse méi wéi 1 Milliard pro Joer.[13]

De Gesamtbudget vun ECHO, also fir béid humanitär Hëllef an den ziville Katastropheschutz, louch am Joer 2020 2,14 Milliarden Euro.[2]

2021 louch de Budget eleng fir humanitär Hëllef bei ronn 1,4 Milliarden Euro.[14]

Fir d'Period 2021-2027 ass eleng fir den Zivilschutz-Mechanismus e Budget vun 3,3 Milliarden Euro virgesinn.[15]

Zousätzlech zu dem Haaptbudget gëtt et och nach e Reservefong (EU Emergency Aid Reserve), déi bei grousse Krisen an onerwaarten Eventer ka gebraucht ginn, haaptsächlech bei humanitärem ziville Krisemanagement a Schutzoperatioune baussent der EU. Donieft kënnen och aner net-benotzten EU-Gelder an de Budget fir humanitär Hëllef fléissen.[13]

Ëffentlech Meenung änneren

Eng speziell Eurobarometer-Ëmfro zum Theema humanitär Hëllef, déi 2012 duerchgefouert gouf, weist dat grousst Solidaritéitsgefill vun europäesche Bierger fir Affer vu Konflikter an Naturkatastrophe baussent hire Grenzen, woubäi 9 vun 10 Bierger mengen datt et „wichteg ass, datt d'EU humanitär Hëllef ausserhalb vun hire Grenze finanzéiert“, an 8 vun 10 mengen datt „eng koordinéiert EU-Aktioun am Beräich vum Zivilschutz méi effikass ass, wéi Aktioune vun eenzele Länner“.[16] 2020 huet eng änlech Enquête déi selwecht Resultater bei der éischter Fro gewisen, a 7 vun 10 Persoune waren nach ëmmer der Meenung waren, datt eng koordinéiert EU-Aktioun am Beräich vum Zivilschutz méi effikass ass.[17]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 http://www.ec.europa.eu/echo: Humanitarian aid
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 : Annual Activity Report 2020
  3. Summaries of the EU legislation
  4. http://www.ec.europa.eu/echo: European Consensus on Humanitarian Aid (12. Juli 2021)
  5. Pierre Salignon, "L'Europe humanitaire en question(s)", Humanitaire, 19, Été 2008. 2009-10-23. Retrieved on 2012-01-16
  6. ec.europa.eu: Annual Report on the Implementation of the European Consensus on Humanitarian Aid - 2012
  7. http://www.ec.europa.eu/echo: Strategy
  8. Treaty on the functioning of the European Union [1], Official Journal of the European Union, 2010-03-30
  9. Treaty of Lisbon: questions and answers
  10. trend.az: Eastern Partnership countries to gather for civil protection meeting (10. Juni 2014)
  11. 11,0 11,1 http://www.ec.europa.eu/echo: EU Civil Protection Mechanism (27. Abrëll 2021)
  12. euractiv.com: EU approves strengthened civil protection mechanism (11. Mee 2021)
  13. 13,0 13,1 http://www.ec.europa.eu: Funding for humanitarian aid (26. November 2020)
  14. http://www.ec.europa.eu/echo: EU boosts humanitarian aid budget for 2021 as needs rise (26. Januar 2021
  15. ec.europa.eu/echo: Financing civil protection (31. August 2021)
  16. ec.europa.eu: Special Eurobarometer 384: Humanitarian Aid, Report (Juni2012)
  17. europa.eu: Eurobarometer EU Humanitarian Aid (November-Dezember 2020)