De Karel A.L.H. Van Miert, gebuer de 17. Januar 1942 zu Oud-Turnhout a gestuerwen den 22. Juni 2009 zu Beersel, war e belsche sozialdemokratesche Politiker.

Karel Van Miert
Gebuer 17. Januar 1942
Oud-Turnhout
Gestuerwen 22. Juni 2009
Beersel
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Politiker, Universitéitsprofesser

De Karel Van Miert koum aus enger Bauerefamill. Hien huet eng Léier als Elektriker gemaach, a méi spéit d'Première nogeholl. Tëscht 1962-1966 huet hien op der Rijksuniversiteit Gent diplomatesch Wëssenschafte studéiert an ass duerno a Summercoursen um Worchester College zu Oxford gaangen. An den 1970er Jore war hien an de Cabinete vum Sicco Mansholt a vum Willy Claes. Hien huet sech an der belscher, an nodeem se sech gespléckt huet, der flämescher sozialistescher Partei engagéiert.

Hie war vun 1979-1985 Member vum Europäesche Parlament, a vun 1985-1988 am belsche Federale Parlament. 1989 gouf hien ënner dem Jacques Delors Member vun der Europäescher Kommissioun, zoustänneg fir den Dossier Transport. An der Kommissioun Santer war hie vun 1995 bis 1999 responsabel fir d'Konkurrenz.

Duerno gouf hie Rekter vun der Universitéit Nyenrode a Member vum Verwaltungsrot vun ë. a. Agfa-Gevaert, Solvay, Carrefour Belgium an De Persgroep.

Säin Hobby war d'Ziichte vun 'alen' Uebstbamzorten. Hien ass bei Aarbechten a sengem Bongert gestuerwen.

Bibliographie änneren

  • Karel Van Miert-Willy Claes, Tussen Droom en Werkelijkheid: Bouwstenen voor een ander Europa Standaard Wetenschappelijke Uitgeverij, Antwerpen 1979
  • Karel Van Miert: Mijn jaren in Europa, Lannoo, 2000. (op Franséisch: Le marché, la concurrence et le pouvoir, éditions Racine 2000, ISBN 2-87386-233-5; op Däitsch: Markt, Macht, Wettbewerb., Deutsche Verlags-Anstalt 2000, ISBN 3-421-05384-7)

Um Spaweck änneren

Commons: Karel Van Miert – Biller, Videoen oder Audiodateien