Wëllem-II.-Monument (Stad Lëtzebuerg)

Monument um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg

D'Monument Wëllem II um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg ass eng Reiderstatue déi un de Kinnek-Groussherzog Wëllem II. vun Holland erënnert.

Wëllem-II.-Monument
D'Wëllem-II.-Monument um Knuedler
Typ Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Knuedler
Ageweit 5 November 1884
Material Bronz
Kënschtler Antonin Mercié, Victor Peter
Architekt Léon Ginain
Zu Éiere vun Wëllem II. vun Holland
D'Monument Wëllem II um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg

Et gouf e restriktive Concours mat de fënnef Kënschtler Auguste-Nicolas Caïn vu Paräis, Emil Hundrieser vu Berlin, Charles Pêtre vu Bourges, Antonin Mercié vu Paräis a Charles van der Stappen vu Bréissel organiséiert.

Duerch Gesetz vum 29. Dezember 1880 gouf festgeluecht, datt op Käschte vum Staat, e Monument als Erënnerung un de Kinnek Wëllem II op enger ëffentlecher Plaz an der Stad Lëtzebuerg géif opgeriicht ginn.[1] D'Gesetzespropositoun dozou war de 15. Dezember 1880 vun der Chamber gestëmmt ginn.

D'Viraarbechte fir d'Realisatioun vum Monument goufe vum Jean-Auguste Marc gemaach.

Elementer vum Monument änneren

  • D'Skulptur vum Wëllem II ass e Wierk vum Antonin Mercié
  • D'Skulptur vum Päerd ass e Wierk vum Victor Peter
  • De Sockel ass no engem Entworf vum Architekt Léon Ginain (nodeem sech den Abel Pujol zeréckgezunn hat)
  • D'Bas-Relieffe goufe vum Jean-Auguste Marc gezeechent
  • D'Gelänner, dat haaptsächlech zu Paräis hiergestallt gi war, gouf vun de Bridder Mathias an Henri Gilbert vum Atelier Pierre Gilbert installéiert

D'Skulpturen an d'Bas-Relieffe goufe vum Géisser Victor Renon vu Paräis hiergestallt.

Aweiung änneren

D'Monument gouf de 5. November 1884 a Presenz vum Kinnek Wëllem III. vun Holland an deem senger Fra ageweit[2].

Monument zu Den Haag änneren

Zu Den Haag am Buitenhof steet e Monument mat enger identescher Skulptur.

 
D'Monument vum Wëllem II. zu Den Haag

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Wëllem-II.-Monument (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. publizéiert am Mémorial vum 30. Dezember 1880, Ss. 809-810
  2. Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 09, S. 220