Kierch Bëschdref
D'Kierch zu Bëschdref ass eng kathoulesch Kierch an der Gemeng Helperknapp déi fréier zur Par Helpert gehéiert huet. Vum 6. Juni 1773 bis de 7. Mee 2017 war Bëschdref eng eegestänneg Par. 1853 huet sech Béiwen/Atert ofgenuebelt a gouf eng eegestänneg Par, 1906 war et Bruch, wat sech getrennt huet, fir eng eegestänneg Par ze ginn. Zanter dem 7. Mee 2017 gehéiert Bëschdref mat allen Uertschaften aus de Gemenge Biissen, Habscht, Helperknapp, Sëll a Simmer zur neier Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord am Dekanat Zentrum.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kierch vu Bëschdref (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Bëschdref | |||
Par | Äischdall-Helpert Saint-Willibrord | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Johannes den Deefer | |||
Konsekratioun | 1812 | |||
Koordinaten | 49° 44’ 06.4’’ N 06° 01’ 16.4’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Bis de 6. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par St. Johannes den Deefer vu Bëschdref, zanter dem 7. Mee 2017 ass s'eng Filialkierch vun der Par Äischdall-Helpert St. Willibrord.
De Patréiner ass den hellege Johannes den Deefer, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt. D'Niewepatréiner sinn d'Helleg Bäerbel, d'Katharina vun Alexandrien, de Johannes den Evangelist an den hellegen Niklos.
D'Kierch steet am Duerfkär um Biirbelterwee, e klenge Säitewee vum CR116 (Helpertwee). Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht, deen den 12. Juli 1812 ageweit gouf an de Kierfecht um Helperknapp ofgeléist huet.
Den 2. Mäerz 2018 gouf si als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Am Joer 2016 gouf déi al Willibrordusstatu vum Helperknapp mat engem Buer nieft der Bëschdrëffer Kierch opgestallt. Sou ass d'Willibrordusquell symbolesch vum fréiere Parsëtz Helpert bei d'Nofollgerkierch op Bëschdref geholl ginn.
Geschicht
ännerenAls Nofollgerpar vun der fréierer Par Helpert, där hir Parkierch um Helperknapp stoung, huet d'Par Bëschdref eng al Geschicht. D'Par Helpert war d'Par fir déi haiteg Pare Béiwen-Atert a Bëschdref. De 6. Juni 1773 gouf de Sëtz vun der Par Helpert vun der Diözees Tréier offiziell op Bëschdref geluecht, zu där deemools och Béiwen-Atert a Bruch gehéiert hunn.
E Bëschdrëffer Lokalhistoriker, den Abbé Jean Malget, schreift a senger Broschür "Buschdorf, Spross und Erbe der Mutterpfarrei Helpert", datt déi haiteg Bëschdrëffer Parkierch warscheinlech kuerz virun der franséischer Revolutioun gebaut gouf. Bis dohi stoung eng Kapell zu Bëschdref, déi schonn d'Funktioun vun enger Parkierch hat, well déi eigentlech Parkierch um Helperknapp wäit ewech war, an zu enger "Begriefneskierch" degradéiert gouf.
1823 gouf d'Sakristei un d'Kierch ugebaut, an 1860 de Kierchtuerm. 1963 ass duerch e Feier grousse Schued an der Sakristei entstanen. 1966 ass d'Kierch no gréissere Renovéierungsaarbechten nei ageseent ginn.
De 7. November 1989 ass um 1250. Doudesdag vum hellege Willibrord eng nei Uergel vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder aus Lëntgen installéiert ginn, déi um Dag vun hirer Aweiung den 1. Juli 1990 op den Numm Willibrordus-Uergel gedeeft gouf.
Op Initiativ vum Paschtouer Joël Santer krut d'Kierch 2013 en neien Ambo aus Holz, passend zu den Altär polychroméiert, soudatt de liturgesche Miwwel vollstänneg ass.
Klacken
änneren- Johannesklack, Toun: la dièze; 1873 vun der Géisserei Causard zu Colmar gegoss, d'Klack huet en Duerchmiesser vu 87 cm an e Gewiicht vu 423 kg.
- Marieklack, Toun: re dièze; gegoss viru 1450, Duerchmiesser 71 cm, Gewiicht 230 kg. D'Klack gouf 2007 an dem Klackeschweessatelier zu Nördlingen a Bayern restauréiert.
- Willibrordusklack, Toun: do dièze; 2007 vum Brudder Michael Reuter OSB aus der Benediktinerabtei Maria Laach gegoss, Duerchmiesser 76 cm, Gewiicht 280 kg.
Déi nei Willibrordusklack gouf den 10. Oktober 2007 vum Äerzbëschof Fernand Franck an der Bëschdrëffer Kierch geweit. Enn November koum si an den Tuerm, zesumme mat hirer eelerer, restauréierter Schwëster, an zanter dem 1. Adventssonndeg lauden dräi Klacken iwwer d'Uertschaft.
Series pastorum parochiae ad Sanctum Ioannem Baptistam Mons Salutis (Helpert)
änneren- Thome de Heilperch, Paschtouer vun Heilperch (Helpert), 14.01.1351
- Jean Fritzinier, Paschtouer vun Heilperch (Helpert), 25.07.1393
- Peter de Praetz, Paschtouer vun Helpert, 1533
- Johann Berringen, Paschtouer vun Helpert, 1570-1575
- Bernard Marienthal, Paschtouer vun Helpert, 1599-1627
- Mathias Beckerich, Paschtouer vun Helpert, 1627-1630
- Heinrich Calmes, Paschtouer vun Helpert, 1630-1668
- Stephan Houtoy, Paschtouer vun Helpert-Buschdorf, 1672-1686
Series pastorum parochiae ad Sanctum Ioannem Baptistam Buschdorf
ännerenNo de Bestëmmunge vum 4. Juli a 15. Dezember 1691 gëtt d'Kapell vu Bëschdref zur Parkierch ernannt, an huet déi baufälleg Parkierch um Helperknapp ofgeléist.
- Johann Wilhelm Hofman, Paschtouer vu Bëschdref, 1710-1729
- Michael Rothay, Paschtouer vun Helpert-Bëschdref, 1750-1783
- Mathias Kirsch, Paschtouer vun Helpert-Bëschdref, 1782-1837
- Jean Spanier vun der Polvermillen, Paschtouer vu Bëschdref, 1837 - 1857
- Maximilian Niederführ aus dem Pafendall, Paschtouer vu Bëschdref, 1857 - 1879
- Mathias Medernach aus der Fiels, Paschtouer vu Bëschdref, 1879 - 1896
- Jean Pierre Marx vu Märel, Paschtouer vu Bëscheref, 1896 - 1907
- Michel Meyer vu Boxer, Paschtouer vu Bëschdref, 1907 - 1917
- Ferd. J. Laux vu Keel, Paschtouer vu Bëschdref, 1917 - 1922
- Joseph Weydert vu Waldbriedemes, Paschtouer vu Bëschdref, 1922 - 1929
- Michel Schiltz vu Méischdref, Paschtouer vu Bëschdref, 1929 - 1937
- Jean Weidert vun Ueswëller, Paschtouer vu Bëschdref, 1937 - 1959
- François Simon, Pascthouer vu Bëschdref, 1959 - 1963 (De Paschtouer Simon war de leschte Paschtouer, deen am Bëschdrëffer Paschtouschhaus gewunnt huet)
- Joseph Hansen vu Steesel, Parverwalter vu Bëschdref, 01.09.1963 – 31.08.1970
- Charles Guill vun Hollerech, Parverwalter vu Bëschdref, 01.09.1970 – 05.07.1997
- Ferdy Fischer vu Keel, Moderator vum Pastoralteam, 05.07.1997 – 21.08.2004
- Joël Santer vu Wecker, Paschtouer vu Bëschdref 21.08.2004 -
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kierch Bëschdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).