Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord
D'Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]
Se gehéiert zum Dekanat Zentrum an ersetzt déi 10 fréier Pare Biissen, Béiwen-Atert, Bruch (Miersch), Bëschdref, Äischen, Gräisch, Habscht, Sëll, Simmer an Tënten.
D'Par läit um Gebitt vun de Gemenge Biissen, Habscht, Helperknapp a Sëll.
De Patréiner vun der Par ass den hellege Willibrord. Niewepatréinesch ass d'Yolanda vu Veianen.
D'Parkierch ass d'Kierch vu Bruch.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Bissen, Boevange/Attert, Brouch, Buschdorf, Eischen, Greisch, Hobscheid, Saeul, Septfontaines et Tuntange et sur l'érection de la paroisse « Äischdall-Helpert Saint-Willibrord » Archivéiert de(n) 09.07.2017. Gekuckt de(n) 07.05.2017.