Pir Kremer
lëtzebuergesche Staatsbeamten an Auteur
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Auteur Pierre Kremer. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Kremer. |
De Pierre (Pir) Kremer, gebuer de 17. August 1919 zu Käerch, a gestuerwen den 28. Mäerz 2000 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Staatsbeamten (Ponts et chaussées)[2] an Auteur.
Pir Kremer | |
---|---|
Gebuer |
17. August 1919 Käerch |
Gestuerwen |
28. Mäerz 2000 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Beamten, Schrëftsteller |
![]() |
Hien huet 35 Joer laang als fräie Mataarbechter vun RTL d'Emissioun Um Staminet geschriwwen an dra matgespillt. Am Ganze waren et eng 1.800 Episoden, déi sonndes Owes ausgestraalt goufen, déi lescht dovun den 12. Mäerz 2000, zwou Woche viru sengem Doud.[3] Hie war och Auteur oder Coauteur vu 25 Revuen (ënner dem Pseudonym Pik). Ausserdeem war hien Auteur vu Gedichtsbänn, enger Rei satireschen Texter, Sketcher, Geschichte fir Kanner a Lidder.
Fir un hien z'erënnere gouf zu Bieles eng Strooss no him genannt[4].
Wierker
änneren- Zesummegepicktes (1971)
- Repikéiert (1976)
- Nogepiktes (1982)
- Kanner feiere frou Fester (1984)
- Méi wéi honnert Pärelen (1994)
Literatur
änneren- Schmit, S. (ss), 2007. Kremer, Pir (Pierre). In: Luxemburger Autorenlexikon, Ed. G. Goetzinger a Claude D. Conter, S. 357. ISBN 978-2-919903-06-1.
- Pir Kremer – ZesummegePIKtes. - Fir dem Auteur säin 100. Gebuertsdag – e Réckbléck op Liewen a Wierk. CNL, 2019, Neioplo 2025.
Filmdocumentaire
änneren- Fränk Grotz: "Pir Kremer: d’Revanche vum klenge Mann." play.rtl.lu, 2019.
Kuckt och
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ Luxemburger Lexikon 2006, S. 227
- ↑ Luxemburger Autorenlexikon 2007, S. 357
- ↑ "25. Doudesdag vum Pir Kremer: Erënnerungen un eng grouss Radiosstëmm." rtl.lu, 28.03.2025.
- ↑ L-4409