De Jean Greisch, gebuer de 27. August 1942 zu Käerch, ass e lëtzebuergesche Priister, Philosoph, Auteur an Iwwersetzer.

Jean Greisch
Gebuer 27. August 1942
Käerch
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universtéit vun Insbruck,
Institut catholique de Paris,
Universitéit vu Stroossbuerg
Aktivitéit Universitéitsprofesser, kathoulesche Priister, Iwwersetzer

Hien huet um Institut catholique de Paris Philosophie enséignéiert, wou en e Léierstull fir Ontologie a Metaphysik hat a wou e vun 1985 bis 1994 och Doyen war. Donieft huet hie bis 2012 ronn zwanzeg Buchpublikatiounen an der Collection philosophie vum Verlag Beauchesne betreit.

Seng eege Recherchen a Publikatioune betreffen haaptsächlech d'Philosophie vun der Relioun an der Hermeneutik. Hie gëllt als Spezialist vum franséische Philosoph Paul Ricoeur a vum däitsche Philosoph Martin Heidegger. 2002 huet hien dem Heidegger seng Phenomenologie des religiösen Lebens op Franséisch iwwersat a beim Verlag Gallimard erausginn.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • L'Âge herméneutique de la raison ; Paräis (Éditions du Cerf), 1985.
  • La Parole Heureuse. Martin Heidegger entre les choses et les mots ; Paräis (Beauchesne), 1987.
  • Hermeneutik und Metaphysik ; München (W. Fink Verlag), 1993.
  • L'Arbre de vie et l'arbre du savoir - Les racines phénoménologiques de l'herméneutique heideggerienne ; Paräis (Éd. du Cerf), 2000.
  • Paul Ricoeur: l'itinérance du sens ; Grenoble (Jérôme Millon), 2001.
  • Le Buisson ardent et les Lumières de la Raison - L'invention de la philosophie de la religion => 3 Bänn: I. Héritiers et Héritages du XIXe siècle ; Paräis (Éd. du Cerf), 2002; II. Les approches phénoménologiques et analytiques ; 2002; III. Vers un paradigme herméneutique ; 2004.