Carin Meyers-Urban

lëtzebuergesch Molerin

D'Carine Meyers-Urban, gebuer den 28. Juni 1899 zu Karlsruhe a gestuerwen den 22. Juli 1960 zu Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Konschthandwierkerin a Molerin. Si huet hir Aarbechten als Carin Meyers ënnerschriwwen an ass och als Carine Meyers opgelëscht.

Carin Meyers-Urban
Gebuertsnumm Carin Urban
Gebuer 28. Juni 1899
Karlsruhe
Gestuerwen 22. Juli 1960
Lëtzebuerg
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Akademie der Bildenden Künste München
Aktivitéit Konschthandwierker, Moler, Textilkënschtlerin
Famill
Bestuet mat Josy Meyers
Annonce fir den Atelier vum Carin Meyers (1924)

Liewen an Aarbecht änneren

D'Carin Urban huet op der Konschtakademie zu München studéiert, wou si ënner anerem Interieur- a Moudendesign geléiert huet. Si hat en eegenen Atelier an der Stad Lëtzebuerg opgemaach fir den Design an d'Ausféierung vu konschthandwierklechen Aarbechten. Si huet och Coursen am Zeechnen a Mole ginn. Ënnert hire Schüler war d'Josée Gloden (1914-1998). An den 1920er Joren huet si sech mam lëtzebuergesche Moler Josy Meyers (1902-1970) bestuet.

Si huet Blummen, Nature-morten a Landschafte gemoolt. Wéi hire Mann war si Member vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) an huet an den alljärleche Salonen ausgestallt. Zesummen hu si och als Grupp am "Kunsthaus Luxemburg" (Oktober 1943) [1] an am Palais des Beaux-Arts (September 1945) zu Bréissel ausgestallt. [2] Enn 1958 hat d'Meyers eng Solo-Ausstellung an der Galerie Wierschem zu Lëtzebuerg. An enger Revue am Luxemburger Wort huet de Konschtkritiker Jos Walentiny hir Blummemolereien "ganz sensuell, voluminéis a raumgräifend (...) , awer op kee Fall als steril Naturimitatioune" beschriwwen[3].

D'Carin Meyers ass am Alter vun 61 Joer 1960 an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen[4], hire Mann 1970. Si goufen um Märeler Kierfecht begruewen. 1977 war eng Retrospektiv am Gemengenhaus vu Stroossen mat Wierker vum Josy a Carin Meyers. [5]

E puer Wierker änneren

  • 1956 Illustratiounen fir Kommt loost mer sangen. Gesangbuch fir d'letzeburger Schoulen, approuve'ert vun der Unterrichtskommission.

Kuckt och änneren


Referenzen änneren

  1. Kate Comparini-Martin, "Reiches und mannigfaches künstlerisches Schaffen", Escher Tageblatt, 20 Oktober 1943
  2. "Les peintres et sculpteurs luxembourgeois", Luxemburger Wort, 24 September 1945
  3. Jos. Walentiny, "Le Tour des Galeries d'Art", Luxemburger Wort, 8 Dezember 1954
  4. "Doudesannonce", Luxemburger Wort, 28 Juli 1960
  5. "Intéressante initiative: exposition d’art 77", Luxemburger Wort, 9 Mäerz 1977