Jangli
Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jangli (och: Jangeli oder och nach Jhangeli) war den Numm fir verschidde Schmuelspuer-Eisebunnslinnen zu Lëtzebuerg.
Dem Robert Bruch no kéint den Numm Jangli vum al-lëtzebuergesche Verb jhéngelen[1] ofgeleet sinn, wat souvill heescht wéi sech lues fortbeweegen oder hin- an hier pendelen. Eng aner Interpretatioun seet, datt den Numm Jangli vum Fielsser Buergermeeschter Jean (Jang) Knaff ofstaamt, engem ferventen Unhänger vun de Schmuelspuerbunnen, absënns der Streck vu Kruuchten an d'Fiels[2].
De Jangli vun Näerden op Roumecht
ännerenEng Janglisstreck ass vun Näerden op Roumecht gaangen an hat eng Längt vun 29,54 km.
Si war tëscht dem 18. November 1890 an dem 16. Februar 1953 a Betrib, éischt Miessungen hunn awer schonn 1886/87 ugefaangen. 1954 goufen d'Schinnen ofgerappt.
Elo ass d'Streck eng Vëlospist (PC17 vun Näerden iwwer Rammerech op Ueschdref). Zu Nidderpallen gouf 1991 déi fréier Gare komplett restauréiert an e klenge Musée dran ageriicht. Op engem Gleisstéck steet eng Lokomotiv vun 1937 mat zwéi Waggonen an eng Drëtt-Klass-Voiture.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eisebunnsstreck Näerden - Roumecht.
De Jangli vun der Stad Lëtzebuerg op Réimech
ännerenD'Janglisstreck Lëtzebuerg - Réimech war 27,15 km laang.
Si huet vum 20. Februar 1882 bis den 22. Mee 1955 bestanen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Réimech.
Lidd
ännerenIwwer de Réimecher Jangli gëtt et d'Lidd "De Jangli fiert den Houwald erop", gesonge vum Colette a Fernand Wark, eng lëtzebuergesch Adaptatioun vum Fernand Wark a Jeff Besch vum amerikanesche Lidd "On the Atchison, Topeka and the Santa Fe" vun 1944[3],[4].
De Jangli vu Kruuchten an d'Fiels
ännerenDe Fielsser Jangli ass op enger Streck vun 12,12 km vu Kruuchten an d'Fiels gefuer. D'Linn goung den 20. Februar 1882 op a gouf den 2. Mee 1948 zougemaach[5].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eisebunnsstreck Kruuchten - Fiels.
De Jängelche vu Beetebuerg op Uespelt
ännerenDe Jängelchen ass als Vizinalstreck tëscht 1899 an 1952 op der 10,19 km laanger Streck vu Beetebuerg op Uespelt gefuer.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eisebunnsstreck Beetebuerg - Uespelt.
Literatur
änneren- Ed Federmeyer: Schmalspurbahnen in Luxemburg, 1991
- Meyer, Jean-Paul, 2015. Jangeli Schmalspurbahn Luxemburg-Remich 1882-1955. - Verlag Gérard Klopp, Mondorf-les-Bains. 260 S.
- Paul Aschman. Des Närdenger Jängelchens letzte Fahrt. Revue Nr 10 vum 7. Mäerz 1953, Säite 16-17
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ „jhéngelen“, Luxemburger Wörterbuch, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities, gekuckt den 01.04.2023.
- ↑ Federmeyer, Ed. Schmalspurbahnen in Luxemburg. Bd 1, S. 5 - Luxemburg: G.A.R., 1992. Print. ISBN : 3-921980-46-1
- ↑ De kompletten Text vun "De Jangli fiert den Houwald erop" op rail.lu
- ↑ Johnny Mercer: "On the Atchison, Topeka and Santa Fe" op YouTube
- ↑ Linn Cruchten - Fiels op rail.lu, gekuckt de 16. Juni 2019
Um Spaweck
änneren- Lëtzebuerger Schmuelspuerlinnen op der Websäit vun der Association Luxembourgeoise des Amis des Chemins de Fer
- D'Lidd "De Jangli fiert den Houwald erop" op Youtube (Colette & Fernand)
-
Voiture vum Jangli
-
Schëld op der Nidderpallener Gare
-
Erënnerungsplack op der Nidderpallener Gare