Eisebunnsstreck Näerden - Roumecht

Schmuelspuerbunn a Kantonalstreck zu Lëtzebuerg

D'Eisebunnsstreck Näerden - Roumecht (Jangeli genannt an och alt als Streck Näerden - Maartel ernimmt) war eng Schmuelspuerbunn a Kantonalstreck déi mam Gesetz vum 28. Abrëll 1886[1] gegrënnt an de 17. November 1890 ageweit gouf.

Thumb
Thumb
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eisebunnsstreck Näerden - Roumecht
De Jangeli am Réidener Kanton
Vereinfachten Héichteprofil vun der Streck
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer Société anonyme des chemins de fer cantonaux luxembourgeois
vu(n) Näerden
op Roumecht
Technesch Donnéeën
Längt 29,50 km
Gréisst Steigung 30 ‰
Spuerbreet Meterspuer
Streck
Garen PK
Näerden 0,00
Nidderpallen 1,80
Réiden 4,70
Nojem 8,30
Hueschtert 10,40
Rued 13,34
Rammerech 14,40
Kietscht 17,90
Bungeref-Holz 23,00
Wolwen 23,57
Pärel 24,40
Uewermaartel 28,30
Roumecht 29,50
Annonce am Luxemburger Wort vum 11.11.1952 iwwert déi éischt Bussen op der Streck

D'Streck déi vun der Société anonyme des chemins de fer cantonaux luxembourgeois bedriwwe gouf, war 29,5 km laang. Se hat zu Näerden Korrespondenz mat der Atertlinn an ass vun do aus iwwert Nidderpallen, Réiden, Hueschtert, Rammerech a Pärel op Roumecht gelaf.

Den Terminus war zu Roumecht op lëtzebuergeschem Gebitt, ronn 100 m vun der belscher Gare vu Maartel ewech, vu wou aus d'SNCV-Linn 516 op Baaschtnech an d'Linn 517 op Arel gefuer sinn. Obschonn se net wäit ewech vunenee louchen an se d'selwecht Spuerbreet haten, gouf et ni eng Verbindung tëscht den zwou Strecken.

Vum 12. November 1952 u si scho Bussen op der Streck gefuer fir eenzel Zich z'ersetzen oder ze verstäerken an e knappst Joer méi spéit ass mam groussherzoglechen Arrêté vum 29. August 1953 d'Streck Näerden - Roumecht zerguttst zougemaach ginn. Den Trafic ass du ganz mat Bussen a Camionen ersat ginn[2].

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Federmeyer, Ed. Schmalspurbahnen in Luxemburg. Luxemburg: G.A.R., 1992. Print. ISBN : 3-921980-46-1

Um Spaweck änneren

Commons: Eisebunnsstreck Näerden - Roumecht – Biller, Videoen oder Audiodateien

D'Streck Näerden - Roumecht op rail.lu

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Loi du 28 avril 1886 concernant la concession de trois lignes de chemins de fer secondaires. legilux.public.lu (28.04.1886). Gekuckt de(n) 18.03.2023.
  2. (fr)Arrêté grand-ducal du 29 août 1953 portant suppression du service ferroviaire sur la ligne de Noerdange à Martelange et autorisation de la Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois à effectuer la desserte de ladite ligne par un service routier à exploiter en régie. legilux.public.lu (29.08.1953). Gekuckt de(n) 18.03.2023.