Eisebunnsstreck Beetebuerg - Uespelt

fréier Schmuelspuereisebunn zu Lëtzebuerg

D'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Uespelt war eng Schmuelspuerbunn a Vizinalstreck déi vu Beetebuerg iwwer Helleng op Uespelt gefouert huet.

Thumb
Thumb
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eisebunnsstreck Beetebuerg - Uespelt
Bedreiwer Société anonyme pour l'exploitation de chemins de fer régionaux en Belgique, Société des chemins de fer secondaires luxembourgeois, Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri, Chemins de fer à voie étroite, Reichsbahn zu Lëtzebuerg, CFL
vu(n) Beetebuerg
op Uespelt
opgaangen 1. September 1899
zougemaach 8. Dezember 1952
Technesch Donnéeën
Längt 10,19 km
Spuerbreet Meterspuer

D'Streck déi 10,19 km laang war, gouf mam Gesetz vum 26. Juni 1897[1] gegrënnt an ass den 1. September 1899 opgaangen.

D'Chemins de fer vicinaux (CV) ware Concessionnaire vun der Streck, hunn se awer ni selwer bedriwwen. Se hunn d'Exploitatioun delegéiert:

D'CV ass 1934 opgeléist ginn, wéi d'Kantonal-, d'Sekundär- an d'Vizinalbunnen zesummegeluecht goufen. De Staat huet den 19. Abrëll 1934 d'Exploitatioun vun der Streck mat der staatlecher Gesellschaft Chemins de fer à voie étroite de l'État (CVE) iwwerholl.

Den 8. Dezember 1952 ass de leschten Zuch gefuer.

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Federmeyer, Ed. Schmalspurbahnen in Luxemburg. Luxemburg: G.A.R., 1992. Print. ISBN : 3-921980-46-1

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Loi du 26 juin 1897, concernant la construction et l'exploitation d'une ligne de chemin de fer à petite section de Bettembourg à Aspelt. legilux.public.lu (26.06.1897). Gekuckt de(n) 18.03.2023.