Eisebunnsstreck Kruuchten - Fiels

Schmuelspuereisebunn zu Lëtzebuerg

D'Eisebunnsstreck Kruuchten - Fiels, Fielsser Jangli genannt, war eng Lëtzebuerger Schmuelspuerbunn déi vu Kruuchten iwwert Schrondweiler a Miedernach an d'Fiels gefouert huet.

Thumb
Thumb
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eisebunnsstreck Kruuchten - Fiels
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer Société des chemins de fer secondaires luxembourgeois
vu(n) Kruuchten
op Fiels
opgaangen 20. Februar 1882
zougemaach 2. Mee 1948
Technesch Donnéeën
Längt 12,12 km
Gréisst Steigung 25 ‰
Spuerbreet Meterspuer
Streck
Garen, Brécken, Tunnellen PK
Uschloss Lëtzebuerg - Ëlwen
Gare Kruuchten 0,00
Uelzecht 0,25
Kruuchten Duerf 0,80
Schrondweiler 3,20
5,35
Wäiss Iernz 9,45
Miedernach 9,50
Fiels 12,10
Uschloss Fiels - Iernzen
Déi fréier Gare an der Fiels

D'Streck déi mat enger Längt vun 12,12 km mam Gesetz vum 2. Mee 1881[1] gegrënnt gouf, ass den 20. Februar 1882[2] opgaangen a gouf vun der Société des chemins de fer secondaires luxembourgeois bedriwwen. Wéi 1934 déi dräi Schmuelspuer-Eisebunnsgesellschafte fusionéiert hunn, gouf se vun der Chemins de fer à voie étroite de l'État exploitéiert. Wärend der Zäit vum Zweete Weltkrich huet d'Deutsche Reichsbahn d'Exploitatioun iwwerholl, ier se 1946 an d'Hänn vun der CFL goung.

Den 2. Mee 1948 gouf mam Service op dëser Streck opgehalen[2], well en net méi rentabel war. Mam groussherzoglechen Arrêté vum 3. Mee 1948 ass de Jangli mat Autobussen a Camionen ersat ginn[3].

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Eisebunnsstreck Kruuchten - Fiels – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 2 mai 1881, déterminant le tracé et déclarant d'utilité publique la construction du chemin de fer à petite section de Larochette à Cruchten. legilux.public.lu (02.05.1881). Gekuckt de(n) 19.03.2023.
  2. 2,0 2,1 Linn Cruchten - Fiels op rail.lu, gekuckt den 19. Mäerz 2023
  3. (fr)Arrêté grand-ducal du 3 mars 1948 portant suppression du service ferroviaire sur les lignes de Grundhof à Beaufort, de Cruchten à Larochette et de Diekirch à Vianden et son remplacement par un service d'autobus et de camions. legilux.public.lu (03.03.1948). Gekuckt de(n) 19.03.2023.