Nazareth

Stad vun Israel

Nazareth oder Nazaret (Hebräesch: נצרת arab. الناصرة an-Nāṣira) ass eng Stad am Norde vun Israel an der historescher Regioun Galiläa. Zanter dem Mëttelalter war se haaptsächlech vun arabesche Chrëschte bewunnt.
Zesummen mat hirer Schwësterstad Natzerat Illit (נצרת עילית, däitsch Ober-Nazareth) kënnt Nazareth op eng 120.000 Awunner (2005); op Nazerat Illit entfalen dovu 55.000 Awunner, an op Nazareth 65.000. Wärend Nazerat Illit virun allem vu Judde bewunnt ass, ass d'Bevëlkerung vun Nazareth haaptsächlech mosleemesch, een Deel vun der Bevëlkerung ass chrëschtlech.

Déi kathoulesch Verkënnegungsbasilika

Bedeitung änneren

E Kennzeeche vun Nazareth, dat och seng Bedeitung ënnersträicht, ass d'Tatsaach, datt Nazareth als Heemechtsuertschaft vum Jesus ugesi gëtt. No der Duerstellung am Evangelium hunn do seng Elteren, Maria an de Jousef den Zammerer gelieft. Zu Nazareth war et wou den Äerzengel Gabriel d'Gebuert vum Jesus dem Erléiser ugekënnegt huet. Do ass de Jesus och no senger Gebuert (déi dem Evangeliumno zu Betlehem war, a Wierklechkeet awer warscheinlech zu Nazareth) och opgewuess.

Haut gehéiert Nazareth zu de wichtegste Pilgerstied am Hellege Land. Op där Plaz wou den Äerzengel Gabriel Maria d'Gebuert vum Jesus ugekënnegt huet, steet haut déi kathoulesch Verkënnegungsbasilika, déi d'Opschrëft dréit: ''Hic verbum caro factum est ("Hei ass aus dem Wuert liewegt Fleesch ginn"). Si gouf 1964 vum Poopst Paul VI. ageweit.

Natzerat Illit ass am am Géigesaz zu Nazareth eng jonk Stad. Méi wéi d'Hallschent vun den Awunner sinn no 1948 zougezunn, haaptsächlech aus der Sowjetunioun. Béid Stied hu getrennt Verwaltungen.

Um Spaweck änneren


Commons: Nazareth – Biller, Videoen oder Audiodateien