De Chaim Herzog, gebuer de 17. September 1918 zu Belfast an Nordirland, a gestuerwen de 17. Abrëll 1997, war vun 1983 bis 1993 President vum Staat Israel. Hie war de 6. President vum Dag vun der Onofhängegkeet u gerechent. Virdru war hie Generol an der israeelescher Arméi a Chef vun hirem Geheimdéngscht. An dësen zwou Qualitéiten huet hien 1967 vill zur Victoire vu sengem Land am Krich, deen Israel an nëmme sechs Deeg gewonnen huet, bäigedroen.

Chaim Herzog
Gebuer 17. September 1918
Belfast
Gestuerwen 17. Abrëll 1997
Jerusalem
Nationalitéit Israel
Educatioun Universitéit vu Cambridge,
University College London
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Offizéier, Affekot, Schrëftsteller, Zaldot, Historiker
Famill
Kanner Jitzchak Herzog

Säi Liewenslaf

änneren

De Chaim Herzog war de Fils vum Isaak Halevy Herzog, engem bekannte Rabbiner. Am Joer 1935 ass d'Famill op Eretz an Israel ausgewandert an do gouf säi Papp 1937 Ieweschte Rabbiner. De Chaim huet op der Universitéit vun Jischuw an duerno zu Cambridge an zu London studéiert, wou hien 1942 säin Ofschlossexamen als Jurist gemaach huet an deemno am Zweete Weltkrich an England war. Hien ass, wéi de Grand-Duc Jean vu Lëtzebuerg dunn an d'englesch Arméi gaangen an huet als Panzerkommandant an enger Elite-Unitéit (Guard Armoured Division) géint Nazi-Däitschland gekämpft. Méi spéit gouf hie Chef vun engem britteschen Noriichtendepartement wou hien un der Befreiung vun de Prisonéier aus de Konzentratiounslager an och bei der Verhaftung vum Gestapochef Heinrich Himmler matgewierkt huet a beim Verhéier vun de gefaangenen Nazicheffen dobäi war.

No sengem Austrëtt aus der brittescher Arméi ass hien erëm zeréck an Israel gaangen, a gouf als Militärattaché op Washington geschéckt. Vun 1954 bis 1957 war hie Kommandant vum Bezierk Jerusalem an du vum ganze Bezierk Süden. Nodeem hien d'Arméi 1962 verlooss hat, huet hien als Jurist geschafft, mä huet och gläichzäiteg als Radiokommentator a grousse militäreschen Expert eng unerkannt Ëffentlechkeetsaarbecht am Intressi vun Israel gemaach. Nom Krich vun de sechs Deeg gouf hien erëm an den aktive Militärdéngscht zeréckgeruff.

Vun 1975 bis 1978 war de Chaim Herzog de Vertrieder vun Israel bei de Vereenten Natiounen.

1981 ass den Herzog als Member vun der Aarbechterpartei an de Knesset gewielt ginn, a gouf 1983 President vun Israel.

Hien huet a méi wéi 30 Länner Staatsvisitte gemaach, dorënner den éischte Besuch vun engem israeelesche Staatschef an Däitschland an a China.

Vun 1993 un huet de Chaim Herzog erëm e Privatliewe gefouert. Kuerz viru sengem Doud, de 17. Abrëll 1997; huet hien nach eng Kéier säi Gebuertsland Nordirland an och Irland besicht.

Exzellent Relatiounen hunn de Chaim Herzog mam Grand-Duc Jean vu Lëtzebuerg verbonnen. Wann hie wärend senger Amtszäit e Visiteur aus Lëtzebuerg empfaangen huet, dann huet hien direkt nom Grand-Duc Jean gefrot a war dann houfreg, fir ze betounen, dat de Grand-Duc Jean an hien an der selwechter militärescher Unitéit gedéngt haten.

Publikatiounen

änneren

De Chaim Herog war publizistesch staark aktiv, an huet déi Aktivitéit och benotzt, fir sech fir d'Eenheet an d'Zukunft vun Israel anzesetzen. Vu senge Publikatioune sollten ernimmt ginn:

  • Herzog, Chaim: War of Atonement: The Inside Story of the Yom Kippur War (1975)
  • Herzog, Chaim: Who Stands Accused?: Israel Answers Its (1978)
  • Herzog, Chaim: The Arab-Israeli Wars: War and Peace in the Middle East (1982)
  • Herzog, Chaim: Heroes of Israel: Profiles of Jewish Courage (1989)
  • Herzog, Chaim: Battles of the Bible (1978), mat dem Historiker Mordecai Gichon, als Coauteur.
  • Herzog, Chaim: Living History (Erlieft Geschicht) (Memoiren) (1996)

Um Spaweck

änneren
Commons: Chaim Herzog – Biller, Videoen oder Audiodateien