Westjordanland

Gebitt am Noen Osten, westlech vu Jordanien an ëstlech vun Israel
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Westjordanland (Arabesch الضفة الغربية, DMG aḍ-Ḍaffa al-Ġarbiyya, aḍ-Ḍiffa al-Ġarbiyya, Hebräesch הגדה המערבית haGada haMa'arawit), och als Westbank oder (méi rar) Cisjordanien bezeechent, ass e Gebitt am Noen Osten, westlech vu Jordanien an ëstlech vun Israel, dat zënter dem Krich vu Sechs Deeg (5. bis den 10. Juni 1967) vun Israel besat ass an ënnert der israeelescher Militär-Geriichtsbarkeet steet. Déi israeelesch Bezeechnung fir d'Gebitt ass „Judäa a Samaria“ (Hebräisch יהודה ושומרון Jehuda we-Schomron).

Westjordanland
الضفة الغربية
הגדה המערבית
Offiziell Sprooch: Arabesch, Hebräesch
Staatsform: Palestinensescht Gebitt, dat zënter dem Krich vu Sechs Deeg (1967) vun Israel besat ass an zu 60 % vun Israel, zu 18 % vu Palestina an zu 22 % kollektiv geréiert gëtt
Fläch: 5.655 km²
Bevëlkerung: 2.949.246
(Schätzung 2021)
 • Bevëlkerungsdicht: 522/km²
Wärung: (neien israeeleschen) Schekel
Zäitzon: UTC +2
Internationalen
Telefonsprefix
:
+970

D'Westjordanland besteet zu 40 % aus Enklave vun de palestinenseschen Autonomiegebidder an huet eng Fläch vu ronn 5.800 km², wouvu ronn 220 km² Waasserfläch sinn. Vun de geschaten 3 Milliounen Awunner (2022) sinn ongeféier 2,5 Millioune Palestinenser (Moslemen, Chrëschten a Samariter) a ronn 430.000 Judden. Se liewen an zirka 213 israeelesche Siidlungen an hiren 132 Bausseposten.

Geschicht änneren

An der biblescher Zäit hu sech verschidde kanaanitesch Vëlker, dorënner Phenizier, Samariter an Hebräer, am haitege Westjordanland niddergelooss. D'Hebräer hunn do déi al Kinnekräicher Israel a Juda gegrënnt. Am Laf vun e puer Dausend Joer ass d'Gebitt ëmmer nees vun anere Vëlker occupéiert ginn. Verschidden Deeler hunn zu den anticke Räicher Assyrien, Egypten, Persien an dem Réimesche Räich, méi spéit zum Kalifat vun den Abbasiden, dem Osmanesche Räich an dem Brittesche Welträich gehéiert.

Nodeems d'Osmanescht Räich zesummegebrach war, huet de Vëlkerbond den 19. Abrëll 1920 dem Vereenegte Kinnekräich d'Mandat iwwerdroe fir am sou genannte Vëlkerbondsmandat fir Palestina d'staats- a vëlkerrechtlech Interessie vu Palestina ze vertrieden.

Den 29. November 1947 huet d'Vollversammlung vun de Vereenten Natiounen den Deelungsplang fir Palestina ugeholl[1], mat deem virgesi war, Palestina an e Staat fir d'Judden an ee fir d'Araber opzedeelen, fir esou de Konflikt tëscht den arabeschen a jiddeschen Awunner vum brittesche Vëlkerbondsmandat ze léisen. D'Westjordanland ass dem arabesche Staat zougesprach ginn. Am Palestinakrich gouf et 1948 vu Jordanie besat an 1950 annektéiert. Am Krich vu Sechs Deeg gouf et du vun Israel eruewert a steet zënterhier ënner israeelescher Militärverwaltung; Ostjerusalem an d'Ëmgéigend goufen dogéint 1980 vun Israel annektéiert, wat der Resolutioun 478 vum UN-Sécherheetsrot[2] no géint d'Vëlkerrecht verstéisst.

Grad wéi d'Gazasträif gehéieren haut 40 % vum Westjordanland zu de palestinenseschen Autonomiegebidder a gi formell vun der palestinensescher Autonomieverwaltung geréiert. Als Resultat vum interpalestinensesche Biergerkrich huet déi radikal islamistesch militant Organisatioun Hamas am Juni 2007 d'Kontroll iwwer d'Gazasträif iwwerholl; am Géigenzuch goufen hir Unhänger am Westjordanland entwaffent an aus alle politesche Funktiounen eliminéiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Westjordanland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Resolution 181 (II)
  2. Resolution 478 (1980) of 20 August 1980 (archivéiert Versioun). web.archive.org (2017-10-12) Archivéiert op 2017-10-12. Gekuckt de(n) 2024-02-28.