Jitzchak Herzog

De Jitzchak "Buji" Herzog (Hebräesch: יצחק הרצוג‎, op Englesch als Isaac "Bougie" Herzog transkribéiert), gebuer den 22. September 1960 zu Tel Aviv, ass en israeeleschen Affekot a Politiker. Hien ass zanter dem 9. Juli 2021 Staatspresident vun Israel.

Jitzchak Herzog
Isaac Herzog, July 2021 (D1233-049).JPG
Gebuer 22. September 1960
Nationalitéit Israel
Educatioun Universitéit vun Tel Aviv,
Cornell University,
New York University
Aktivitéit Politiker, Affekot
Famill
Papp Chaim Herzog
Wikidata-logo-without-paddings.svg

2003 gouf hie fir d'éischt an d'Knesset gewielt. Hie war e puermol fir kuerz Zäit Minister a verschiddene Refgierungen. Hie war vun 2013 bis 2017 Presidnet vun der Aarbechterpartei Awoda a war Spëtzekandidat vun der Mëtt-lénks-Oppositionsvereenegung Zionistesch Unioun bei der Knessetwal am Mäerz 2015 géint de Premier Benjamin Netanjahu. 2018 gouf e President vun der Jewish Agency for Israel.

Hien ass de Bouf vum fréiere Staatspresident Chaim Herzog.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Isaac Herzog – Biller, Videoen oder Audiodateien