Buedemstatioun
Buedemstatioune sinn Iwwerwaachungs- oder Observatiounsstatiounen op der Äerduewerfläch. Vun do gëtt d'Observatioun oder d'Telemetrie vu Fluchkierper bannen- oder baussenzeg vun der Äerdatmosphär gemaach.
Sou Fluchkierper si virun allem:
- Rakéiten, kënschtlech Äerdsatellitten a Raumsonden
- Fligeren, Ballonen a Radiosonden.
Den Zweck vun der Observatioun ka sinn:
- Iwwerwaachung vu Rakéiten- oder Satellittestarten
- Bestëmmung vu Fluch- oder Satellittebunnen duerch Funk, Radarstatiounen oder Spezialkameraen
- Empfang respektiv Iwwermëttlung vu Funksignaler oder Miessdaten
- Funkverbindung fir Radio oder Telefon
- Militäresch a Loftraumiwwerwaachung.
Zu de verschiddenen Aarte vu Buedemstatiounen zielen ë. a.:
- Mission Control Center
- Äerdfunkplazen, Relaisstatiounen, Orbita-System
- Radioteleskopen, Deep Space Network
- Fundamental-, Satellittestatiounen, Referenzstatiounen
- Radarstatiounen, Funkleetsystemer.
Fréier Systemer fir d'Bunnbestëmmung vu Satellitte waren ë. a. d'Funkmiessnetz Minitrack vun den USA an déi weltwäit verdeelt Moonwatch-Statiounen.