Den IC 434 ass en Emissiounsniwwel am Orion, duerch deen de Päerdskappniwwel, eng Donkelwollek op gläicher Siichtlinn, hannerliicht a sou siichtbar gëtt.

Date vum IC 434 (Emissiounsniwwel)
Foto, vum IC 434 opgeholl mam RGB a Hα-Spektralfilter, woufir déi roudelzeg Faarf vum IC 434 ervirkënnt.
Stärebild Orion (Ori)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 05h 34m 00s
Deklinatioun - 02° 24' 00"
Ausgesinn
Niwweltyp Emissiounsniwwel
Visuell Magnitude (visuell)
Wénkelduerchmiesser 90 'x 30'
gehéiert zu Mëllechstrooss
Distanz 1500 Lj
Entdecker Williamina Fleming
1888-1890
Katalogbezeechnungen
IonQ-Numm = Sigma Orionis, IC 434, LBN 954, Sh-2 277

Observatioun änneren

Iwwer d'Entdeckung mat der deemools neier Fotografie erzielt den Edward Charles Pickering 1890, ronn e Joer nodeem d'Foto duerch säi Brudder gemaach gouf an op dëser den Niwwel vu senger Mataarbechterin Williamina Fleming entdeckt gouf.[1],[2]

Den Niwwel ass südlech vum helle Stär Alnitak an der Orionceinture. Duerch seng equatorial Positioun kann hie jee no Joreszäit vun alle bewunnte Gebidder op der Äerd observéiert ginn. Wéinst der schwaacher Hellegkeet ass hien awer nëmme mat Laangzäitbeliichtungen oder mat Teleskope vu mëttlerer Gréisst ze gesinn. Den Niwwel grenzt westlech un d'Moleküllwollek Orion B an erreecht 70 Bouminutten an der Längt awer nëmme wéineg Bouminutten an der Breet. Seng Form gläicht enger laanger, sträifefërmeger Messerschäerft, déi an Nord-Süd-Richtung verleeft. Den ëstlechen Deel ass plazeweis vun enger Donkelwollek verdeckt, déi zu Orion B gehéiert a wéinst hirer charakteristescher Form als Päerdskappniwwel bekannt ass.

Besonnesches änneren

Et handelt ass eng H-II-Regioun, déi vun der Stralung vum Stäresystems Sigma Orionis ioniséiert gëtt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

 
Foto vun engem Beräich vun der Orion Regioun vum William Henry Pickering aus dem Joer 1888. Den IC 434 souwéi den iwwerlagerte Päerdskappniwwel sinn ënner dem lénksen helle Stär am ieweschten Drëttel z'erkennen.

Referenzen änneren

  1. E. C. Pickering: Detection of new nebulae by photography, 1890AnHar..18..113P
  2. Pickering, E. C.: Nebulae discovered at the Harvard College Observatory, 1908AnHar..60..147P