Edward Charles Pickering

Den Edward Charles Pickering, gebuer den 19. Juli 1846 zu Boston; gestuerwen den 3. Februar 1919 zu Cambridge, Massachusetts), war en US-amerikaneschen Astronom a Physiker. Säi Brudder war de William Henry Pickering.

Edward Charles Pickering
Gebuer 19. Juli 1846
Boston
Gestuerwen 3. Februar 1919
Cambridge
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, National Academy of Sciences
Famill
Geschwëster William Henry Pickering

Zesumme mam Hermann Karl Vogel entdeckt de Pickering déi éischt Zwillingsstären, déi nëmme spektroskopesch identifizéiert konnte ginn. Hien huet d'Schrëft Elements of Physical Manipulations (2 vol., 1873–76) publizéiert.

Seng Aarbechten hu sech gréisstendeels mat der Stärenphotometrie beschäftegt. Am Joer 1884 publizéiert hien d'„Harvard Photometry“, an 1903 den éischte fotografesche Stärenatlas.

Hie war Direkter vum Harvard College Observatoire. Ënner senger Opsiicht gouf och vun 1918 un, d'Publikatioun vum Henry-Draper-Katalog ugefaangen.

Am Harvard Observatoire beschäftegt hie vill Fraen, dorënner Annie Jump Cannon, Williamina Fleming, Henrietta Swan Leavitt, an d'Antonia Maury. Dës Fraen, déi ënner de Wëssenschaftler als de „Pickerings Harem“ bekannt waren, hu vill wichteg astronomesch Entdeckunge gemaach.

De Pickering huet Goldmedail vun der Royal Astronomical Society am Joer 1886 an nach eng Kéier am Joer 1901 krut. D'Henry Draper Medal gouf him 1888 iwwerreecht an d'Bruce Medail krut hien am Joer 1908.

E Krater um Äerdmound ass no him a sengem Brudder William Henry Pickering genannt. Geneesou wéi den Asteroid Pickeringia.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Noriff änneren