En Niwwelfilter ass en optesche Filter, deen an der Astronomie besonnesch vun Amateurastronomen agesat gëtt, fir Niwwele besser ze gesinn. D'Wierkungsweis vun Niwwelfilteren ass d'Ënnerdréckung vum ierdesche Streeliicht, dat a Regioune mat héijer Liichtverschmotzung d'Observatioun vu villen astronomeschen Objete erschwéiert, wärend déijeeneg Spektrallinnen, an deenen déi observéiert Objete besonnesch intensiv liichten, de Filter passéiere kënnen.

UHC-Filter géint ierdescht Streeliicht

Bei den Niwwelfiltere gëtt de Prinzip vun den Interferenzfilteren (méi genee: dielektresch Filter) ugewannt. Bei dielektresche Filtere ginn e puer Schichte mat transparentem Material, normalerweis Metalloxiden a -fluoriden, op e Glassubstrat opgedroe. Iwwer déi eenzel Schichtdéckten an de Refraktiounssindex vun der benotzter Dielektrika ginn déi optesch Eegenschafte festgeluecht.

Gebrauch änneren

Niwwelfiltere gi fir d'Observatioun vu Planetareschen Niwwelen, Galakteschen Niwwelen, Supernovareschter a Wolf-Rayet-Objeten agesat. All déi Objetklassen hunn d'Eegenschaft, datt si hiert Liicht, am Géigesaz beispillsweis zu Galaxien, léiwer an enk begrenzte Beräicher vum Spektrum fortschécken (Spektrallinnen). Sou setze sech déi Objete genuch géigeniwwer dem meescht stänneg op gréissere Wellelängteberäicher verdeelte Streeliicht of an deen Ënnerscheed erlaabt de Gebrauch vu Filteren.

Breetband- a Schmuelbandfilter änneren

Dacks gëtt tëscht Breetbandfilter, Schmuelbandfilter a Linnefilter ënnerscheet. Allerdéngs sinn déi Kategorien net schaarf vuneneen ofgegrenzt. Souwuel Breetband- wéi och Schmuelbandfilter transmittéieren en ausgewielte Beräich vum Spektrum. Allerdéngs ass d'Ausleeung verschidden:

Bei de Breetbandfilteren gi breet Beräicher duerchgelooss an nëmmen dee Beräich blockéiet, an deem déi Linne vum Nuetshimmelliichten a vun der Liichtverschmotzung déi stéieren, haaptsächlech optrieden. Bei Schmuelbandfilteren gi bal all d'Wellelängte blockéiert a méiglechst nëmmen de schmuele Beräich vun der H-β-Linn bis zum [O III]-Dublett duerchgelooss, bei en ettleche Fabrikanten och nach d'H-α-Linn.

Beispiller fir Breetbandfiltere sinn d'Deep-Sky-Filteren an d'Light-Pollution-Reduction-Filteren (LPR-Filter). E Beispill fir Schmuelbandfilteren ass den UHC-Filter.

Linnefilter änneren

Linnefiltere sinn ganz schmuelbandeg Filteren, déi nëmme bestëmmt vum Objet emittéiert Spektrallinne passéiere loossen.

E puer Beispiller fir Linnefiltere sinn:

D'Linne vum S-II an H-α sinn sech am roude Beräich vum visuelle Spektrum. Well d'Empfindlechkeet vum donkeladaptéierte mënschlechen A an deem Spektralberäich kleng ass, ginn déi entspriechend Linnefilteren nëmme fotografesch oder mat CCD-Kamerae benotzt. Et gëtt awer och Instrumenter mat fest agebautem H-α-Filter, sougenannt PST-Teleskopen (Personal Solar Telescopes) fir d'Sonnenobservatioun.

Déi optesch Eegenschafte vu Filtere hu vu Fabrikant zu Fabrikant liicht Variatiounen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren