Rue de Hollerich

(Virugeleet vu(n) Hollerecher Strooss)

D'Hollerecher Strooss (offiziell: Rue de Hollerich) ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vun der Garer Plaz a Richtung Weste bis bei d'Hollerecher Plaz.

Rue de Hollerich
Numm lb: Hollerecher Strooss
fr: Rue de Hollerich
Fréieren Numm fr: Rue de la Gare
Längt ca. 1000 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gare
Postcode 1740, 1741
Koordinaten 49° 35’ 54.4’’ N
      06° 07’ 39.8’’ O
Genannt no Hollerech

D'Nationalstrooss 56 leeft an hirer ganzer Längt driwwer.

Geschicht änneren

Nodeems den 1. Juni 1920 d'Gemengen Hamm, Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert hunn, hu misse verschidde Stroossen nei benannt ginn, well et vereenzelt Odonymmen e puermol gouf. Bis 1925[1] huet d'Strooss „Rue de la Gare“ geheescht[2],[3] ier se dunn den haitegen Numm krut.

An den 2020er Joren ass en neie Quartier, Nei Hollerech genannt, op der Plaz vun de fréiere Fabréckshale vun Heintz Van Landewyck a Paul Wurth S.A., am Entstoen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Nei Hollerech.

Gebaier änneren

Kuckt och änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue de Hollerich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Decisioun vum Stater Gemengerot vum 5. Juni 1925
  2. Luxembourg en 1907“, Stadplang vum Jean-Pierre Biermann
  3. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Tageblatt, Nummer 129, 5. Juni 1925, S. 3, op www.bnl.lu, dem Site vun der Nationalbibliothéik; fir d'lescht gekuckt den 23. Abrëll 2016