Martin vun Tours

(Virugeleet vu(n) Hellege Mäerten)

De Martin vun Tours (hellege Mäerten) (Laténgesch Martinus, gebuer ëm 336[1] zu Savaria (oder Sabaria), (Réimescht Räich, Provënz Pannonien, haut Szombathely, Ungarn) a gestuerwen den 8. November 397 zu Candes bei Tours a Frankräich, war den drëtte Bëschof vun Tours. Hien ass ee vun de bekanntsten Hellege vun der réimesch-kathoulescher Kierch a gëtt och an der orthodoxer Kierch, anglikanescher Kierch souwéi och an der evangeelescher Kierch veréiert. Den 11. November gëtt säin Namensdag, deen als Mäertesdag bezeechent gëtt, gefeiert. Hien huet duerch d'Deele vu sengem Mantel engem Mann, deen um Erfréiere war, d'Liewe gerett an ass dofir helleggesprach ginn.

Den hellege Mäerten, wéi den El Greco hie gesinn huet.

Dem Mäerten säi Liewen änneren

Seng Kandheet änneren

Dem Mäerten säi Papp war e réimeschen Offizéier. Schonn a senger fréiestes Kandheet huet hien ëmmer bei der Kasär den Zaldoten nogekuckt. Sou wousst hie séier, datt hien Zaldot wéilt ginn, wann e grouss wier.

Wei de Mäerten eng Kéier am Bësch gespillt huet, huet et ugefaange mat donneren an hien huet séier Schutz an enger Kierch gesicht. Do huet de Paschtouer Geschichte vum Jesus virgelies an de Mäerten huet gemierkt, datt de Jesus e besonnesche Mënsch war.

Mat 15 Joer ass de Mäerten mat senger Famill an Italie geplënnert. Do ass hien an d'Arméi gaangen, an e puer Joer méi spéit ass hien zum Haaptmann ernannt ginn. Kuerz virum Wanter huet de Keeser hinnen den Uerder ginn a Frankräich ze goen.

Seng bekanntst Dot änneren

Zu Amiens a Frankräich si se bei de Stadmaueren engem aarme Mann begéint. Hie louch am Gruef an huet vu Keelt geziddert, well hie keng Kleeder hat. Wéi de Mäerten hie gesinn huet, hat hie Matleed mat him. Déi aner Zaldoten hunn den aarme Mann ausgelaacht a si laanscht hie geridden, mä de Mäerten huet sech näischt doraus gemaach. Ouni ze zécken huet hie säi Mantel ausgedoen, säi Schwäert gezunn an en an zwee gedeelt. Hien huet dem aarme Mann den hallwe Mantel ginn, an ass weider geridden.

An der Nuecht ass him de Jesus erschéngt, deen dat Stéck Mantel un hat, dat de Mäerten dem aarme Mann ginn hat, an hien huet gesot: "Martinus, deen nach net gedeeft ass, huet mech gekleet." Dëse Saz huet de Mäerten sou beandrockt, datt hien den Dag drop an d'Kierch gaangen ass a sech deefe gelooss huet.

Vun do un ass hie sou dacks wéi méiglech bei de Paschtouer gaangen, fir mat him an der Bibel ze liesen.

Zwee Joer méi spéit sollt hie mat senge Männer an de Krich géint d'Germanen zéien, mä hien huet zum Keeser gesot:"Ech sinn elo e Chrëscht, an dofir zéien ech net mat an de Krich well ech keng Leit méi wëll ëmbréngen." Doropshi gouf de Keeser rosen an huet hien aus der Arméi gehäit.

Duerno goung de Mäerten bei eng Fra, déi him e bronge Kiddel gebutt huet an hien ass dunn an de Bësch gaangen, fir do an enger aler Heip ze liewen an ze bieden. Enges Daags koum d'Fra vun engem Bauer bei hien an huet gefrot, ob hien op d'Kanner kéint oppasse wärend si um Feld wieren. Hien huet vun do un all Dag fir d'Kanner gekacht an op si opgepasst bis de Karschnatz eriwwer war.

No an no sinn ëmmer méi Leit komm an hunn hie gefrot, ob hien hinnen hëllefe kéint. Wei hie sou duerch d'Dierfer gezunn ass, fir de Kranken an Alen ze hëllefen, huet hien ëmmer méi Leit font, déi him gehollef hunn. Schlussendlech huet hien ëm 360 no bei Poitiers e Klouschter gegrënnt. Et war dat éischt Klouschter a ganz Europa.

Seng Ernennung zum Bëschof änneren

 
De Mäerten mat sengem Attribut, der Gäns an der Kierch zu Maarnech.

E bësse méi spéit koume Männer an d'Klouschter an hu gesot, datt de Bëschof gestuerwe wier, a si hunn de Mäerte gefrot, ob hie Bëschof wéilt ginn. Mä de Mäerten wollt dat net; hie wollt léiwer am Klouschter bleiwen an den Aarmen hëllefen, dofir huet hie sech am Gänsestall verstoppt. Mä d'Männer hunn hien awer fonnt. Nodeem hie gebiet hat, ass hien den Dag drop awer matgaangen. Sonndes hunn d'Leit sech dann an der Kierch versammelt an hien ass Bëschof genannt ginn.

An de Méint duerno sinn ëmmer méi Leit an d'Klouschter komm an dat gouf séier ze kleng. Dofir hu si en neit Klouschter un der Loire gegrënnt an do konnten och d'Pateren ausgebilt ginn.

Mat der Zäit wollt de Mäerten net méi an deem schéine Bëschofshaus wunnen an hien ass an d'Klouschter zeréckgaangen. Vun do aus ass hien op Tréier gaangen, fir dem Keeser ze soen, datt déi aarm Baueren, déi hir Scholden net bezuele konnten, am Prisong séitzen an datt dat net richteg wier. De Keeser huet dat agesinn an deenen Aarmen hir Scholden nogelooss.

Wéi de Mäerte gemierkt huet, datt hie stierwe misst, huet hie säi Kiddel ugedoen, well hie wollt wéi en aarme Mann stierwen.

Ëm 400 as den "hellege Mäerten" da gestuerwen. Haut leit hien an der Kathedral vun Tours begruewen.

Patréiner änneren

Den hellege Mäerten soll selwer duerch d'Géigende vu Lëtzebuerg gereest sinn[2]. Hien ass de Patréiner vun den Zaldoten, de Reider, de Schmatten, de Wiewer, de Schneider, Ceinture-, Händschen- an Huttmécher, Hotelen a Wiert, Reesender, Aarmen, Obdachlosen, Flüchtlingen, Prisonéier, Hierten, Wënzer an dees méi.

Hien ass och Patréiener vu ville Scoutstruppen, wéi zum Beispill vun den Duelemer Scouten an de Sandweiler Scouten.

Kierchen zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun, déi him geweit sinn änneren

Triviales änneren

1897 gouf eng Schank ënner dem Altor an der Kierch zu Villers-sur-Semois bei Étalle fonnt. Se louch an enger bläie Këscht an déi lokal Kierchenautoritéite woussten direkt datt et sech ëm eng Schank vum hellege Mäerten, an deemno ëm eng Reliquie géif handelen. Déi Erkenntnes sollt de Pilgertourismus wärend iwwer honnert Joer ukuerbelen, mä 2005[3] hu Wëssenschaftler vun der Universitéit Groningen erausfonnt datt déi "Reliquie" e Rescht vun engem Schwäi wier. D'Béischt hätt och schonn an der Zäit tëscht 740 an 370 virun eiser Zäitrechung de Geescht opginn.[4]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Hellege Mäerten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Der traditioneller Chronologie no wier de Martin vun Tours am Joer 316 (oder 317) gebuer; méi rezente Studien no wier hien awer eréischt 336 op d'Welt komm.
    Cf. Aramini, M., 2012. Saint Martin de Tours. Paris, Éditions Salvator, S. 7.
    Cf. Le XVIe centenaire de la mort de saint Martin. Colloque universitaire, 22-25 octobre 1997. Tours 1997.
    Cf. Guillot, Olivier, 2008: Saint Martin de Tours: apôtre des pauvres (336-397). Paris, Fayard, 551 S.
    Cf. Garrigues, J.M. & J. Legrez, 1992. Moines dans l'assemblée des fidèles à l'époque des Pères (IVe - VIIIe siècle). Paris, Beauchesne Éditeur, S. 101 (Coll.: Théologie historique, n° 87). [1])
  2. Edmond de la Fontaine: Luxemburger Sitten und Bräuche (Neue illustrierte Ausgabe, 1983), Säit 82-84: St. Martin (11. November)
  3. La relique de saint Martin, du pur porc, lavenir.net, 13.Abrëll 2013; archivéiert.
  4. Sankt-Martin-Reliquie war Schweineknochen, tageblatt.lu 13. Abrëll 2013; archivéiert.