Haaptmenü opmaachen
Kierch vun Diddeleng
Parkierch vun Diddeleng (2008)
Parkierch vun Diddeleng (2008)
Uertschaft Diddeleng
Par Diddeleng Saint-Martin
Numm / Patréiner Hl. Mäerten
Konsekratioun 1904
Architekt(en) Pierre
Alphonse Kemp
Baujoer 1894-1900
Koordinaten 49° 28’ 47.6’’ N
06° 05’ 09.5’’ O
D'Kierch vum Parc Mayrisch aus gesinn (2013)
D'Kierch vum Parc Mayrisch aus gesinn (2013)
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Diddeleng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Diddeleng Saint-Martin an zu der Gemeng Diddeleng gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Edmond Ries vu Beetebuerg.

Se steet am Zentrum vun der Uertschaft op der Kräizung vun der avenue Grande-Duchesse Charlotte an der rue Jean-Jaurès mat der rue du Commerce an der rue Edison, dem CR184.

Den 21. Juni 2017 gouf d'Kierchegebai als nationaalt Monument klasséiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mäerten, deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt..

Zur Par Diddeleng gehéieren ausser der Parkierch och nach d'Lukaskapell zu Butschebuerg, d'Kapell um Gehaansbierg, d'Kapell zu Bireng an d'Eligiuskapell vun Diddeleng.

Inhaltsverzeechnes

GeschichtÄnneren

 
Monument op der Plaz wou déi fréier Kierch stoung

Déi éischt Parkierch vun der ganzer Géigend stoung fréier uewen um Gehaansbierg. Géint 1300 ass de Sëtz vun der Par an d'Uertschaft transferéiert ginn. D'Kierch, déi am 18. Joerhonnert gebaut gi war an ca 200 m méi wäit südlech vun der aktueller Plaz stoung, war Enn vum 19. Joerhonnert duerch de Boom an der Stolindustrie an d'Uwuesse vun der Bevëlkerung ze kleng ginn. Dofir war et noutwendeg ginn, eng nei Kierch ze bauen an no de Pläng vun den Architekte Pierre an Alphonse Kemp sollt entstoen.

De Grondstee fir déi neogotesch Kierch gouf den 21. Mee 1894 vum deemolege Generalvikar Jean-Bernard Krier geluecht. De Bau war 1900 fäerdeg. Den 11. Juni 1904 gouf se vum Bëschof Jean Joseph Koppes konsekréiert.

D'GebaiÄnneren

D'Kierch huet eng Längt bannena vun 59,60 a baussen eng vun 63,50 Meter. D'Breet ass bannen 23,50 a baussen 26,80 Meter. Se wier domat déi gréisst Parkierch am Land[1].

MolereienÄnneren

Besonnesch bemierkenswäert sinn d'Wandmolereien aus de Joren 1924-1927 vum Benediktinerbrudder Notker Heinrich Becker (1883-1978) aus dem Klouschter Maria Laach. Se weisen ë. a. de Pilgerwee vun den hellege Männer a Fraen aus der Welt an dat himmelescht Jerusalem, woubäi den Deel vun dëser Welt op der Säit vum Duxall eng Industriestad a Leit aus dem Minett duerstellt.

De KräizweeÄnneren

Déi véierzéng Statioune vum Kräizwee sinn e Wierk vum Diddelenger Kënschtler Dominique Lang. Se si mat Uelegfaarwen op Lénge gemoolt a sinn tëscht 120 an 122,7 cm héich an tëscht 84 a 86 cm breet. Op der drëtter Statioun ass de Kënschtler an der Mëtt vum Bild ze gesinn. Op der zwielefter ass ënner dem Kräiz de Paschtouer Kuborn a seng dräi Kapléin Razen, Konrath a Gushurst ze gesinn.

UergelÄnneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch vun Diddeleng

FënsterenÄnneren

Am Chouer sinn dräi faarweg Fënstere vum Joseph an Emile Probst, se weisen de Johannes den Deefer, den Hl. Mäerten an déi Helleg Bäerbel. Hannen an der Kierch ass eng Dier an zwou méi kleng Fënstere mat Glasmolereie vum Diddelenger Kënschtler Frantz Kinnen.

StatuenÄnneren

Des Weidere stinn eng ganz Rei Statuen an der Diddelenger Kierch:

  1. Muttergotteskapell (1)
  2. Hl. Anna mat der Maria (2)
  3. Héichaltor (3)
  4. Hl. Jouseph (4)
  5. Herz-Jesu Kapell (5)
  6. Hl. Willibrord (6)
  7. Muttergottes vu Fatima (7)
  8. Hl. Agnes (8)
  9. Hl. Aloysius (9)
  10. Ëmmerwährend Hëllef (10)
  11. Hl. Antonius vu Padua (11)
  12. Hl. Barbara (12)
  13. Hl. Franz vun Assisi (13)
  14. Pietà (14)
  15. Hl. Jang, den Defer (15)
  16. Dafsteen (16)

KlackenÄnneren

Am Tuerm vun der Diddelenger Martinskierch hänken dräi Klacken. Si lauden d'selwecht wéi déi vun der Téitenger Kierch, just datt déi kleng Klack méi héich gestëmmt ass. D'Diddelenger Klacke lauden an den Téin es' déi grouss, f' déi mëttel a g' déi kleng.

Geeschtlech am Déngscht vun der ParÄnneren

Paschtéier (parochi):Änneren

  • Heinrich von Düdelingen 1325
  • Nikolaus von Gymnich 1339
  • Johhann von Daisberg 1339, 1347
  • Johann von Bissen (Verwalter) 1375
  • Arnold von Hollveltz (Hollenfels) 1419
  • Johann von Büringen 1451, 1464, 1490
  • Johann (Molitor) von Düdelingen 1493, 1504
  • Markus von Schifflingen 1532, 1541-1552+
  • Heinrich von Bettemburg (Verwalter) 1552-1559
  • Johann von Differdingen (Verwalter?) 1559-1560
  • Johan Nop (Nobe) (vu Veianen); Verwalter 1560-1570; Paschtouer 1598
  • J.P. Schey (vu Lëtzebuerg) ...1602-1623+
  • Joh. Keelen (Kayllen, Kielen) (vu Lëtzebuerg) 1623-1632+
  • Joh. Jos. Patz (vun Helzen) 1636-1645+
  • Peter Scherer (vu Lëtzebuerg) 1645-1679+
  • Joh. Bapt. Kessler 1679-1684+
  • Michael Geib (vu Wilwerdang) 1684-1711
  • Joh. Steichen (vu Scheffleng) 1711-1727+
  • Peter Eschette (Eschet) (vu Baastenduerf) 1727-1768+
  • Bernard Hantzen (Hansen) (vum Schléiwenhaff bei Leideleng) 1768-1799
  • Joh. Bapt. Zimmer (Vicarius, Verwalter) 1799-1800
  • Ludwig Dionyisus Wuerth (vu Lëtzebuerg) 1801-1809
  • Mathias Wolff SJ (vun Dikrech) 1809-1815
  • Joh. Bapt. Pletschette (vu Groussbus) 1815-1817+
  • Michael Fuhrmann (Formann) (vu Bauschelt) 1817-1828+
  • J.P. Meyer (vun Eeselbur bei Klierf) 1828-1856
  • Phil. Schroder (vun Iewerléng) 1856-1880
  • Nikolaus Reichel (vun Uewerwampech) 1880-1887
  • Michel Ernst (vun Duelem) 1987-1891+
  • Mathias Schmit (vum Kierchbierg) 1891-1893+
  • Laurent Bernard Kohn (vu Gréiwemaacher) 1893-1902
  • Henri Kuborn (vu Lëllgen) 1902-1920+
  • Joseph Philippe (aus der Stad, net ze verwiessele mam Beschof Philippe) 1920-1930
  • Antoine Guill (vun Dikrech) 1930-1932+
  • Nicolas Lommel (vun Äischen) 1932-1955
  • Jean Pierre Ries (vu Simmer) 1955-1959+
  • Theodore Ley (vu Proz aus dem Préizerdall) 1960-1971
  • Roger Kayser (vu Schëndels) 1971-1986
  • Robert Sibenaler (vum Stater Lampertsbierg) 1986-2013+
  • Marc Gilniat (vun Uewerkuer) 2012-2013
  • Edmond Ries (vun Alzéng) 2014 -

Kapléin (vicarii):Änneren

  • Raymond Everard
  • Victor Elz
  • Pater Joseph Thiery SCJ 1966-1975
  • Camille Juncker (Schmelz) 1966-1971
  • Pater Jacques Steffen SCJ 1967-1968
  • Jean Michel Schneider 1967-1976
  • Jean Poos 1969-1971
  • Jos Weisgerber 1971-1978
  • Pit Reuter 1978-
  • Felix Steichen
  • Leo Kraus -1993
  • Edmond Ries (1993-2000)
  • Laurent Fackelstein (2000-2003)
  • Denis Welisch (2003-2005)
  • Luc Schreiner (2005-2007)

Hëllefsgeeschtlech:Änneren

  • Jean Bosco Rwasha Cishibanji (2009-2011)
  • Jean Ehret (2007-2012)

Aner reliéis Gebaier an der Par DiddelengÄnneren

  • D'Lukaskapell zu Butschebuerg
  • D'Jousefskapell zu Bireng
  • D'Gehaanskapell um Gehaansbierg
  • D'Eligiuskapell am Quartier Op der Schmelz aus den 1960er Joren, an där allerdéngs just nach ganz seele Gottesdéngscht gefeiert gëtt.
  • Den Oratoire am Diddelenger Spidol um éischte Stack
  • Bis an d'1990er Jore gouf et am Quartier Italien eng Kapell an engem Geschäftslokal vum engem Privathaus. Wéi dëst Haus de Proprietär gewiesselt huet, gouf de Bail mat der Kierchefabréck gekënnegt an d'Kapell huet missen zougemaach ginn.

LiteraturÄnneren

  • Schnell Kunstführer N°2377: Katholische Pfarrkirche St. Martin Düdelingen
  • Die Düdelinger Kirche und ihre Stahlhuth-Orgel. Mit Beiträgen über Kirchenkunst, Orgelbau und Orgelmusik, sowie einer Monografie über die Orgelbauer Georg und Eduard Stahlhut, Diddeléng 2002, 510 Säiten.
  • Thill, Norbert, Pfarrkirche Sankt Martin, Die "Düdelinger Sixtinische Kapelle" in Geschichte und Gegenwart, Heimat und Mission, Sonderheft 3, 1/2013 - Jahrgang 87, 44 S.

FilmÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Luxemburger Wort, 15. September 2012, S.32