D'Mäerteskierch zu Simmer ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord, zum Dekanat Zentrum an zur Gemeng Habscht gehéiert.

Kierch vu Simmer
Kierch vu Simmer (2013)

Kierch vu Simmer (2013)
Kierch vu Simmer (2013)
Uertschaft / Plaz Simmer
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Mäerten
Konsekratioun 1317
Koordinaten 49° 43’ 37.0’’ N
      05° 59’ 07.2’’ O

Kierchen - Kapellen
D'Kierch vu bannen
D'Kierch vun Nordoste gesinn

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mäerten deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt. Se huet als Niewepatréiner déi zwéin Helleg Rochus a Sebastian.

Se steet am Kierchewee direkt nieft dem Gemengenhaus an der Schoul. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht änneren

Enger Legend no ass de Keeser Heinrich VII am Joer 1313 zu Buonconvento (bei Siena) am Aarm vu sengem Frënd Thomas von Siebenborn gestuerwen. Den Thomas wier duerno op Simmer zeréckkomm an hätt do déi éischt Kierch baue gelooss, déi 1317 konsekréiert gouf.

An de Jore 1516 a 1716 ass si ëmgebaut ginn. Déi lescht gréisser Restauratioun vun der Kierch war 1996-1997 ënner dem Architekt A. Leer.

1961 gouf d'Simmer Kierch zesumme mam Kierfecht als National Monument klasséiert.[1]

Kierch vu Baussen änneren

D'Simmer Kierch ass dräischëffeg. D'Mëttelschëff huet déi duebel Breet vun de Säiteschëffer. Déi zwee éischt Jache vum Mëttelschëff si quadratesch, wärend dat drëtt eng rechteckeg Form huet.

De massive romaneschen Tuerm stellt en Iwwerrescht vun enger warscheinlech eeschëffeger Kierch aus dem 12. oder fréien 13. Joerhonnert duer, deen no 1315 an den dräischëffegen Neibau integréiert gouf.

Kierch vu Bannen änneren

An der Kierch sinn eng Partie Barockstatuen, an zwou gotesch Grafplacken ze gesinn. Et sinn d'Grafplacke vun der Margareta († 1512) a Jean de Raville (†1540).

Um Enn vum 17. Joerhonnert gouf vum Nikolaus Koenen eng Pietà sculptéiert, déi fréier um Haaptaltor stoung ier se hir Plaz am Chouer vum südleche Säiteschëff, der fréierer Dafkapell, fonnt huet.

Virun der Nordempore fënnt een eng fir Lëtzebuerg eenzegaarteg Grablegungsgrupp aus der Mëtt vum 16. Joerhonnert. Déi grouss Figuren am Renaissance-Stil stellen den Nikodemus, d'Jongfra Maria, de Jünger Johannes, d'Maria Magdalena, d'Maria Kleophas, d'Maria Salome an de Jousef vun Arimathäa duer. De kënschtleresche Wäert läit an der realistescher Duerstellung vun de Gesiichter an de Geste vun de Fraen.

D'Kierch huet zwou Klacken. Déi eeler ass aus dem Joer 1471 an et steet op hir geschriwwen: Osana heischen ich Clais van Echternach der gahs mich in de iarrr uns Hn MCCCCLXXI. Déi zweet Klack koum 1947 an den Tuerm. Si huet d'Sebastiansklack aus dem Joer 1704 ersat. D'Klacke vu Simmer lauden am Schlagtoun Labémol (a') an La (as').

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Simmer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).