Kierch Fréiseng
D'Kierch vu Fréiseng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Beetebuerg–Fréiseng Saint-André, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Fréiseng gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Fréisenger Kierch (Westsäit) | ||||
Uertschaft / Plaz | Fréiseng | |||
Par | Beetebuerg–Fréiseng Saint-André | |||
Dekanat | Süden-Ost | |||
Numm / Patréiner | Hl. Mäerten | |||
Konsekratioun | 11. November 1812 | |||
Koordinaten | 49° 30’ 58.9’’ N 06° 11’ 25.8’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Si ass dem hellege Mäerten geweit, deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt.
Se steet am Duerfzentrum op der Munnerëffer Strooss, der N13, géintiwwer vum Gemengenhaus. De Kierfecht ass ronderëm d'Kierch ugeluecht.
Geschicht änneren
Iwwer der Statu an der Westfassad steet d'Joreszuel 1731.
D'Fréisenger Kierch gouf den 31. Oktober 2003 op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument opgeholl.[1]
Klacken änneren
Déi 2 Klacke vun der Fréisenger Kierch lauden am Schlagtoun La a Fa Dièze.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Kierch Fréiseng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband
- D'Fënstere vun der Kierch vu Fréiseng op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
- D'Kierch Fréiseng an der Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic]
Referenzen änneren
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).