Kierch Betzder
D'Kierch zu Betzder ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Betzder gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
![]() Parkierch vu Betzder (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Betzder | |||
Par | Par Musel a Syr Saint-Jacques | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Hl. Mäerten | |||
Konsekratioun | 1755 | |||
Baujoer | 1748, 1852 | |||
Proprietär | Gemeng Betzder[1] | |||
Koordinaten | 49° 41’ 16.9’’ N 06° 21’ 08.8’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mäerten, deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellegen Haupert (Hubertus).
Se steet an der Kierchestrooss (rue de l'église), enger Säitestrooss vum CR134 (rue de Wecker). Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Zur fréierer Par Betzder gehéiert ausser der Parkierch vu Betzder och nach d'Kapell vun Haastert.
Geschicht
ännerenAus engem Dokument aus dem Joer 1140 geet erfier, datt et deemools schonn eng Kierch zu Betzder gouf. 1748 gouf d'Kierch vum Tiroler Baumeeschter Sigmund Mungenast ëmgebaut. De Chouer gouf dobäi sou breet gemaach wéi d'Kiercheschëff. D'Kierch gouf de 17. August 1755 konsekréiert. 1852 gouf d'Kierch nach eng Kéier vergréissert an eng nei Westfront mam Tuerm an engem neien Duxall gebaut. 1959 bis 1961 goufe gréisser Restauréierungsaarbechte gemaach. Vun 2002 bis 2005 goufe weider Restauréierungsaarbechte gemaach, woubäi besonnesch d'Baussemauere stabiliséiert goufen.[2],[3]
Paschtoueschhaus
ännerenDat fréiert Paschtoueschhaus nieft der Kierch ass zanter 1978 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Inventaire supplémentaire klasséiert.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kierch Betzder – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Gesetz iwwer d'Gestioun vun de reliéise Gebaier
- ↑ Geschicht vu Betzder Archivéiert de(n) 13.05.2010. Gekuckt de(n) 11.06.2013.
- ↑ Informatiounspanneau bei der Kierch
-
Kierch vu Betzder, Nordsäit
-
Récksäit vun der Kierch vu Betzder
-
D'Paschtoueschhaus nieft der Kierch