D'Kierch zu Méischdref ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Rouspert-Mompech gehéiert.

Kierch vu Méischdref
Kierch vu Méischdref (2006)

Kierch vu Méischdref (2006)
Kierch vu Méischdref (2006)
Uertschaft / Plaz Méischdref
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Mäerten
Baujoer 1852 (Schëff)
Proprietär Gemeng Rouspert-Mompech
Koordinaten 49° 44’ 42.8’’ N
      6° 30’ 01.2’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mäerten, deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt.

Se steet zentral am Duerf an der Strooss Um Kiesel, dem CR135, net wäit vun der Kräizung mat der N10.

Den 23. Abrëll 2019 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Geschicht änneren

D'Schëff gouf 1852 no Pläng vum Architekt Antoine Hartmann un dee méi ale romanesche Kierchtuerm ugebaut.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Méischdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).