Zëmmer ze verlounen ass eng lëtzebuergesch Sitcom, déi vu Calach Film produzéiert gëtt (finanzéiert vun RTL Télé Lëtzebuerg an dem Lëtzebuerger Filmfong) an déi tëscht September an November 2018 an 12 Episode vu 26 Minutten op RTL Télé Lëtzebuerg ausgestraalt gouf.[1] Se gouf vum Marco Serafini kreéiert.

Zëmmer ze verlounen
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2018
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Dréibuch Marco Serafini
Musek Jang Linster
Produzent Calach Film
RTL Télé Lëtzebuerg
Filmfong
Schauspiller
Tommy Schlesser als Max
Fabienne Hollwege als Valérie
Hana Sofia Lopes als Sophie
Al Ginter als Danny
Timo Wagner als Här Majerus
Konstantin Rommelfangen als Philippe
Mickey Hardt als dem Philippe säi Papp
Paul Robert als Pizzasmann
Raoul Schlechter als de Psychiater
Eugénie Anselin als Lisa
Jerome Funk als Paul
Gintare Parulyte als Gabriella
Adrien Papritz als Schmidt
Michel Tereba als Schmitt
Philippe Meyrer als als Marcel
Sophie Mousel als Jenny
Fabio Godinho als Frank
Thierry Koob als Yves
Marianne Bourg als Charlotte
Charles Muller als Nathan
Pitt Simon als Roman
Claude Faber als Claude
Charlotte Woolfe als Mara
Elisabet Johannesdottir als Cordula
Jean-Paul Raths als Scholtes
Dylan Thiry als Joe
Mayalani Moes als Sabrina
Raoul Albonetti als Marco
Alexandre Hornbeck als Olivier
Roland Bonjour als Carl von Lier
Frank Leonardy als Spueresécherer
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et? änneren

De Max, e jonken Acteur (Tommy Schlesser) mat Talent, ma ouni Aarbecht, sicht, nodeems e vu senger Fra Sophie (Hana Sofia Lopes) verlooss gouf, e Colocataire, fir d'Käschte vu sengem Appartement ze deelen. Mä dat ass net sou einfach wéi geduecht...

Episoden änneren

Episod Éischt Ausstralung Auteur Realisateur Ëm wat geet et?
1 HENRY - De Psychiater 11. September 2018 Susanne Hertel, Amelie Vrla, Daniel Texter Nadia Masri Nodeems de Max vu senger Fra Sophie verlooss gëtt, ganz verzweiwelt ass an ausserdeem net méi weess, wéi hien de Loyer bezuele soll, hëlt hien den Henry als Sous-locataire bei sech op. Keng immens gutt Iddi, well den Henry, dee vu senger Fra virun d'Dier gesat gouf, ass e richtege Souerpitti. Amplaz dem Max professionell Hëllef ze ginn, tiermt hien iwwert säin eegent Leed. Iwwerdeems muss de Max verhënneren datt de Proprietär gewuer gëtt, datt d'Sophie erausgeplënnert ass. D'Valerie versicht fir him ze hëllefen, mécht awer alles just nach méi schlëmm.
2 PHILIPPE - Den Dokter 18. September 2018 Chantal Schaul, Susanne Hertel, Amelie Vrla Yann Tonnar De Max muss sech op eng Roll als Fernseedokter virbereeden. Dowéinst sicht hie sech de Medezinstudent Philippe als neie Matbewunner aus. Hien hofft, datt dësen hien an d'Geheimnisser vum “Doktersinn“ aweie wäert. Mä de Philippe intresséiert sech méi fir Meedercher an Autoszeitungen a kann ausserdeem kee Blutt gesinn. De Max muss de Philippe "plus ou moins" zwénge fir sech mam Contenu vu sengem Studium ze beschäftegen. Ausgerechent bei enger “Generalprouf“ mat vill Ketchup als Bluttersatz steet erëm de Proprietär virun der Dir.
3 PAUL - Mamma Mia 25. September 2018 Nadia Masri De Max fiert an e Workshop fir e Musical ze prouwen. Wéi hien zeréckkënnt, kritt hie bal e Schlag: Säin neie Matbewunner, deen total vu sech selwer iwwerzeegten engleschen Designer Paul, huet am Max senger Absence d'Wunneng nei ageriicht. Miwwel aus Recyclingsmaterial, a leider zimmlech gräisslech. Wéi wann dat nach net schlëmm genuch wier, brécht de Max sech och nach d'Been. Alles war ëmsoss, de Musical gëtt ouni hien inzenéiert.
4 GABRIELA - Mme. De Kommissär 2. Oktober 2018 Amelie Vrla, Susanne Hertel Romain Gierenz Den neie Matbewunner, een eeleren Här, ass agreabel roueg. Ze vill roueg. De Max fënnt hien, zwéin Deeg nodeems hien erageplënnert ass, dout am Bett. An ënnert dem Max sengem Bett eng Wallis mat vill Suen. De Max panikéiert a rifft d'Valerie fir ze hëllefen. Hatt rifft d'Police. Et kënnt nach schlëmmer wéi de Max gefaart huet. Déi jonk Kommissärin verdächtegt net just hien als Mäerder, mee och d'Valerie. A si sammelt Beweiser. Gëtt et iwwerhaapt nach eng Chance fir net verhaft ze ginn?
5 JENNY - D'Dänzerin 9. Oktober 2018 Susanne Hertel, Romain Gierenz Romain Gierenz De Max huet es sat mat Sous-Locatairen, mee wéi déi attraktiv Dänzerin Jenny virun der Dier steet, ass dee Virsaz séier vergiess. Fir d'éischte Kéier säit der Trennung vum Sophie, intresséiert de Max sech erëm fir eng aner Fra. D'Jenny gëtt a sengem Living online Gymnastiksstonnen, an net just de Max, mee och säi Kolleeg, den Ivan, an den Theaterproduzent Nathan kucke gär no. Souguer d'Valerie ass dem Jenny sengem Charme erleeën. Mee da kritt d'Jenny, amplaz vum Max, d'Roll an engem Theaterstéck.
6 YVES - De Pompjee 16. Oktober 2018 Amelie Vrla, Susanne Hertel, Chantal Schaul Yann Tonnar De jonken Yves wunnt an der Tëschenzäit beim Max. Schonn als klengt Kand war säi gréissten Dram eng Kéier Pompjee ze ginn. Fir ze Üben installéiert hien eng “Pole“-Staang am Max sengem Living. Wéi bei engem vu sengen Asätz en Hamster ëm d'Liewe kënnt, ass dat fir den Yves en traumatescht Erliefnis. Nuechtelaang versauert hien dem Max säi Schlof. Dobäi huet de Max deen dréngend néideg, well hie fir eng Reklamm jonk a falefräi muss ausgesinn. Schliisslech muss de Max dem Sophie seng professionell Hëllef froen.
7 CHARLOTTE - An den Zakar 23. Oktober 2018 Daniel Texter D'Valerie deponéiert eng Statu beim Max, déi anscheinend soll aphrodiséierend wierken. De Max hält dat fir eng vum Valerie senge Spannereien, mee wéi dat onscheinbart Charlotte bei him eraplënnert a bal all Nuecht een anere Freier uschleeft, gleeft hien esou lues un d'Wierkung vun der Statu. Niewebäi bereet hie sech vir op eng kleng Roll an engem amerikanesche Kinosfilm. Hie ried sech an, datt dëst säi groussen Duerchbroch wäert ginn.
8 CARL - De Regisseur 30. Oktober 2018 Amelie Vrla, Susanne Hertel, Chantal Schaul Désirée Nosbusch Just wéi de Max total frustréiert ass, u senger Existenz als Schauspiller zweiwelt an Trouscht am Alkohol sicht, besuergt säin Agent, den Danny, him e Rendez-vous bei engem berüümten dänesche Regisseur. Fir eng Roll an deem sengem nächste Stéck spillen ze dierfen, muss de Max wärend den nächste Woche spartanesch liewen. Kee Sex, keng Drogen, keen Alkohol, kee Rock'n'roll, opstoe bei Sonnenopgank an all Dag eng gutt Partie Stonne Yoga. Den Danny decidéiert fir de Max z'iwwerwaachen, fir datt hie sech och dorun hält. Ausgerechent elo versicht d'Sophie him erëm méi no ze kommen.
9 VALERIE - D'Schwéiermamm 6. November 2018 Susanne Hertel, Amelie Vrla, Daniel Texter Daniel Texter Ausgerechent d'Valerie plënnert als nächst bei de Max eran. Seng Wunneng ass dobäi renovéiert ze ginn, an de Moment net bewunnbar. Mee dem Max seng Schwéiermamm ass schlëmmer wéi all d'Matbewunner virdrun. Am léifste läit si liddereg um Canapé a kommandéiert de Max ronderëm. D'Wunneng gehéiert him bal net méi. Zesumme mam Sophie entwéckelt de Max e Plang, wéi hien d'Valerie erëm lass ka ginn.
10 DEN HÄR SCHOLTES - De Finanzbeamten 13. November 2018 Désirée Nosbusch De Max fält aus alle Wolleken, wéi op eemol e Steierbeamten viru senger Dier steet. Mee esou absurd ass dat guer net, well de Max an deene leschte Joren dach iwwerhaapt keng anstänneg Steiererklärung gemaach huet. An de Monsieur Scholtes schéngt alles ze wëssen. Vum Max sengen Optrëtter als Kleeschen am lokale Supermarché, bis hin zu klengen Jobs am Ausland. Onbedéngt muss de Max elo verhënneren dass de Monsieur Scholtes eppes vu senge Sous-Locataire gewuer gëtt. Net esou einfach, well dat schwangert Cordula wunnt grad bei him.
11 JOE - De Body 20. November 2018 De Max huet senger attraktiver Kolleegin Sabrina dat eidelt Zëmmer versprach, mee dat gëtt den Ënnerdaach un de männleche Fotomodell Joe weider. Den Joe, perfekt Ausgesinn, perfekte Body, wëll, ganz vu sech iwwerzeegt, elo och Schauspiller ginn. D'Sabrina besuergt deenen zwee Männer eng Auditioun fir eng Haaptroll u senger Säit. De “Gewënner“ geet mat him fir eng Rei Méint op Tournée. Well d'Sabrina den Joe unhimmelt, an de Regisseur him aus der Hand ze friesse schéngt, gesäit de Max fir sech keng Chance. Oder dach?
12 OLIVIER - Den Déif 27. November 2018 De Max erwëscht en Abriecher in Flagranti. Mee mat dem jonken Olivier muss een eigentlech éischter Matleed hunn. Säi Schicksal erënnert de Max u säin eegent. Keng Frëndin, keng Aarbecht, keng Wunneng. Well et dobausse mat Eemere schëtt, léisst hien e bei sech iwwernuechten. Den Olivier bleift, an entpuppt sech als dee feinsten an onkomplizéiertsten Matbewunner deen de Max jee hat. Souguer d'Valerie ass vu sengem Charme total begeeschtert. Ze vill begeeschtert, well hatt eng Nuecht mam Olivier verbréngt. An dono si seng Bijoue verschwonnen.......

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Nei RTL-Sitcom mam Tommy Schlesser an Hana Sofia Lopes." rtl.lu, 10.10.2017, 15:34:51.