Films Made in Luxembourg

Films Made in Luxembourg ass den Numm ënnert deem de Centre national de l'audiovisuel (CNA), vum Dezember 1997[1] un, lëtzebuergesch Filmer op VHS-Kassett a spéider och op DVD erausbruecht huet. All Filmer, déi an där Serie erauskoumen, goufen an hirer Produktioun entweder vum Lëtzebuerger Filmfong oder vum Staat finanziell ënnerstëtzt.[2]

D'Kassette goufen ënner anerem a Supermarchéen, Videothéiken, Bicherbutteker, Kinoen an op Chrëschtmäert verkaaft.[3]

1997 an 1998 koume jee 15 Filmer op Kassett eraus.[2],[3] 1999 koumen aacht nei Kassetten op de Maart.[1] An den éischten dräi Joer goufen iwwer 11.000 Kassette verkaaft. Déi wichtegst Verkaafsperiode waren d'Zäite virun Ouschteren a Chrëschtdag.[1]

An de Joren duerno koumen all Joer nach weider Filmer eraus. No e puer Joer gouf d'Rei net méi weider gefouert.

Ënnert dem selwechten Numm goufen och lëtzebuergesch Filmer op RTL Télé Lëtzebuerg gewisen.

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Rapport d'activité vum Kulturministère 1999, Säit 199-200
  2. 2,0 2,1 Rapport d'activité vum Kulturministère 1997, Säit 140
  3. 3,0 3,1 Rapport d'activité vum Kulturministère 1998, Säit 192